Radioen

On air

9 bis 1  |  Alfalfa - Head Under Water

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No vill Kritik: Dispositiv fir Police Judiciaire an der Stad gëtt reduzéiert

Speziellen Dispositiv an der Stad

No vill Kritik: Dispositiv fir Police Judiciaire an der Stad gëtt reduzéiert

De speziellen Dispositiv vun den Agente vun der Police Judiciaire an der Stad, am Kader vum Heescheverbuet, soll an den nächste Wochen ëm d’Hallschent erofgeschrauft ginn. Dat gouf haut an der Chamberjustizkommisisoun festgehalen. Eng Motioun fir se all ofzezéien, gouf awernet ugeholl.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

De speziellen Dispositiv, mat deem Enquêteuren vun der Police Judiciare an der Stad agesat ginn, fir ënnert anerem Verstéiss géint d’Heescheverbuet festzestellen, soll an den nächste Wochen däitlech erofgeschrauft ginn. Dat soten d’Oppositiounsvertrieder haut no enger Entrevue vun der zoustänneger Chamberkommissioun mat der Procureure Générale Martine Solovieff, dem Inneminister Léon Gloden an der Justizministesch Elisabeth Margue.

Motioun fir all d'Agenten direkt ofzezéien, gouf net ugeholl

D’Procureure Générale hat den Dispositif, deen de Léon Gloden gefuerdert hat, d’lescht Woch an engem Bréif kritiséiert. Wéinst deem Dispositif géife vill Beamten op anere Plaze feelen. An der Kommissioun haut gouf et vun den Oppositiounsparteie vill Kritik un der Demarche vum Inneminister Léon Gloden.

All Agente vun der Police Judiciare, déi am Kader vun der Ëmsetzung vum Heescheverbuet an der Stad am Asaz sinn, mussen direkt zeréckgezu ginn. Dat fuerderen d’Oppositiounsparteien déi Gréng, d’LSAP, déi Lénk, an d’Piraten an enger Motioun, déi an der Chamber deponéiert gouf. No enger Debatt gouf dës awer net ugeholl.

Dysfonctionnementer an den Institutiounen

De Meris Sehovic vun déi Gréng weist sech schockéiert iwwer scheinbar Dysfonctionnementer an den Institutiounen.

“D’Procureure huet a Fro gestallt, ob deen Dispositif iwwerhaapt utiliéiert ass, fir déi Notiounen z’erfëllen, déi hien opgedroe kritt huet. An anerersäits huet si ons kloer gemaach, datt all déi Prozeduren déi aus deem Dispositif spécial kéinten entstoen, alleguerte riskéieren annuléiert ze ginn, well den état des droits net respektéiert ginn ass.”

Weider wier d’Procureure Générale och net genuch an dem Inneminister seng Demarche mat agebonne ginn.

Dan Biancalana: Léon Gloden huet sech net genuch informéiert

Den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana kritiséiert, datt de Léon Gloden sech wéi et schéngt net iwwert d’Envergure vun dësem Dispositif informéiert hätt.

“D’Justizministesch huet ons gesot, datt hien net wousst, datt 110 Leit vun der Police Judiciare am Asaz waren, an och net vun den anere Kommissariater.” 

Léon Gloden: Net zoustänneg fir dat operatiivt Geschäft

De Léon Gloden bleift bei senger Argumentatioun, als Minister net fir dat operatiivt Geschäft vun der Police zoustänneg ze sinn.

“Op där enger Säit seet d’Oppositioun zu mir: mësch dech net an an dat operatiivt Geschäft, mësch dech net doran an, wéi d’Police sech konkret um Terrain opstellt. An op där anerer Säit kréien ech gesot, ech géif dat net genuch maachen.”

Drock vun der Police

Den Dispositif spécial soll awer elo däitlech zeréckgeschrauft ginn. Dozou de Marc Goergen vun de Piraten:

“Wéinst dem ëffentlechen Drock wëllen si elo ëm d’Hallschent reduzéieren, zumindest bei der PJ. Mee do muss een awer och soen, datt dat net nëmmen deen ëffentlechen Drock ass mee och den Drock vun der Police. Well och d’Police selwer wëll dat net méi maache firwat datt den Här Gloden si dohinner schéckt.”

Onkloerheet gëtt et awer weiderhin doriwwer, wéi vill Beamten zanter der Grënnung vun deem Dispositif Spécial ofgezu gi sinn. Hei gouf et an der Chamber just de Verweis, datt iwwert déi nächst 15 Deeg 30 Beamte vun der Police Judiciare vum Dispositif ofgezu solle ginn.

Lauschterenplay_arrow