Radioen

On air

Notturno  |  Traumkapitän - Broken Crackery

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No kanadesche Stroftaxen op chineeseschen Elektroautoen: China dreet mat Géigemoossnamen

Handelskrich

No kanadesche Stroftaxen op chineeseschen Elektroautoen: China dreet mat Géigemoossnamen

China huet Kanada mat Géigemoossname gedreet, nodeems déi kanadesch Regierung héich Taxen op Elektroautoen aus China ageféiert huet.

auto_stories

1 min

Elektroauto Oplueder Charger | © Andrew Roberts / Unsplash
Foto: Andrew Roberts / Unsplash

D'Regierung zu Peking huet annoncéiert, all néideg Mesuren ergräifen ze wëllen, fir d'Rechter an d'Interessie vu chineeseschen Entreprisen ze schützen. Der chineesescher Ambassade a Kanada no géifen dës Taxen de wirtschaftleche Relatiounen tëschent béide Länner schueden.

Ëmmer méi westlech Länner, dorënner d'USA an d'EU probéiere mat héijen Taxe chineesesch Elektroautoe vun hire Marchéen ewechzehalen.