Radioen

On air

Notturno  |  Traumkapitän - Broken Crackery

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Polen - PiS krut Geldstrof operluecht

Wéinst Onreegelméissegkeete bei der Walkampffinanzéierung

Polen - PiS krut Geldstrof operluecht

A Polen huet d'Walkommissioun der fréierer Regierungspartei PiS eng Geldstrof a Milliounenhéicht operluecht. Dat wéinst Onreegelméissegkeete bei der Walkampffinanzéierung.

auto_stories

1 min

Jaroslaw Kaczynski | © picture alliance / NurPhoto | Foto Olimpik
Foto: picture alliance / NurPhoto | Foto Olimpik

Der polnescher Walkommissioun no wier et bewisen, datt d'Partei PiS fir hire Walkampf fir d‘Parlamentswalen zejoert ëmgerechent 840.000 Euro u staatleche Subventioune mëssbraucht hätt.

D'Partei muss dëse Betrag elo zeréckbezuelen an ausserdeem ginn hir staatlech Subventiounen elo all Joer ëm ëmgerechent 2,3 Milliounen Euro gekierzt. Dës Mesure kéint der Partei fir d'Presidentschaftswalen d'nächst Joer schueden.