Radioen

On air

Notturno  |  Sheebaba - Chambre Rouge (Noah Vert Remix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Messerattack zu Solingen huet an Däitschland eng Debatt iwwer d'Asylpolitik ausgeléist

Däitschland

D'Messerattack zu Solingen huet an Däitschland eng Debatt iwwer d'Asylpolitik ausgeléist

Wéi däitsch Medie mellen, plangt d'Regierung elo weider Mesurë fir den Islamismus ze bekämpfen a fir Expulsiounen an aner EU-Staate méi séier ze erméiglechen.

auto_stories

1 min

Solingen no der Messerattack | © picture alliance/dpa | Thomas Banneyer
Foto: picture alliance/dpa | Thomas Banneyer

De Justizminister Marco Buschmann an d'Inneministesch Nancy Faeser sollen no enger Visitt am Terrorismusabwehrzentrum zu Berlin annoncéiert hunn, Ausweisunge vu Stroftäter a Leit, déi kéinten zur Gefor ginn och an Afghanistan a Syrien ze erméiglechen. No enger Gedenkzeremonie zu Solingen de Méindeg hat de Kanzler Olaf Scholz ugekënnegt, Waffegesetzer verschäerfen ze wëllen.

D'DP-Fraktioun wëllt ausserdeem Sozialleeschtunge fir ofgeleenten Asyldemandeuren ofschafen.

Haut gëtt sech ee Gespréich iwwer d'Migratiounspolitik tëschent dem Kanzler Olaf Scholz an dem Unionsfraktionschef Friedrich Merz erwaart.