Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Japan: Op d‘mannst 3 Mënsche stierwen duerch en Taifun

Naturkatastroph

Japan: Op d‘mannst 3 Mënsche stierwen duerch en Taifun

A ronn 254.000 Stéit ass de Stroum zäitweis ausgefall, hu lokal Medie gemellt. An der Stad Nagasaki goufe bal 400.000 Mënschen dozou opgeruff, sech a Sécherheet ze bréngen.

auto_stories

1 min

Taifun a Japan | © picture alliance/dpa | Girlie Linao
Foto: picture alliance/dpa | Girlie Linao

Zuchverbindunge goufen ënnerbrach a Flich gestrach. Schoule sinn zoubliwwen an ënnert anerem den Autobauer Toyota huet de Betrib a senge 14 Wierker am Land gestoppt. Den Taifun Shanshan ass nëmme lues ënnerwee, mat ronn 15 Stonnekilometer a Wandvitesse vu bis zu 180 Kilometer an der Stonn.

Doduerch sinn d‘Gefore méi grouss, well staarke Wand a Reen a verschidde Gebidder méi laang Zäit kënnen unhalen. De japanesche Premierminister Fumio Kishida huet seng Ministeren opgefuerdert, all néideg Moossnamen ze treffe fir Mënscheliewen ze schützen.