Radioen

On air

Notturno  |  Sam Wilkes - Hannah Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Emmanuel Macron kënnt haut mat der Droite zesummen

Regierungsbildung a Frankräich

Emmanuel Macron kënnt haut mat der Droite zesummen

De franséische President Emmanuel Macron kënnt haut Mëttwoch en vue vun der Regierungsformatioun mat der Droite zesummen, iwwerdeems wiisst bei der Lénksallianz Nouveau Front Populaire den Ierger iwwer dem President seng Entscheedung géint eng lénk Regierung.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance

Den Emmanuel Macron wollt den Dënschdeg net ze vill iwwer d'Verhandlungen ëm d'Regierungsformatioun verroden, hie sot awer, d'Dier wier op fir all déi, déi am Interêt vum Land handele wéilten. Haut sinn dat deemno déi konservativ Republikaner, déi fir Gespréicher an den Elysée kommen. Den Nouveau Front Populaire bleift sengersäits beim Boykott vun dëser zweeter Ronn Gespréicher, nodeems de Macron e Méindeg annoncéiert hat, dem Lénksbündnis a senger Premier-Kandidatin Lucie Castets kee Regierungsoptrag ze ginn. Dat, well dem Macron no esou eng Regierung direkt mat enger Motion de censure vun den anere Parteien zur Demissioun géif gezwonge ginn.

Lénks-gréng Bündnispartner si sech net eens

D'Cheffin vun den Ekologisten, d'Marine Tondelier, sot den Dënschdeg Owend op BFMTV, all Regierungskonstellatioun wier onsécher, de President misst awer senger Flicht nokommen. Well de Macron senger Flicht an hiren Aen net nokënnt, wëllt d'Lénkspartei La France Insoumise hie mëttels enger Destitutioun ofsetze loossen. Bei de lénks-grénge Bündnispartner ass een awer méi skeptesch, wat dës Mesure ugeet.

D'LFI (La France Insoumise) huet e grousse Protest fir de 7. September ugekënnegt. Och innerhalb vum Nouveau Front Populaire ass ee sech awer net ganz eens. D'Sozialisten hu matgedeelt, datt ee selwer nach net zum Protest wëllt opruffen, mee weiderhin op Debat wëllt setzen.

Lauschterenplay_arrow