Den 30. Juli huet d'Spuerkeess via Visiokonferenz hiert Personal zesummegeruff. Fir "ze erklären, wat kréie mir reprochéiert a wat net, wéi gi mir domadder ëm, a wéi gi mir zesummen no vir", esou d'BCEE-Generaldirektesch Françoise Thoma an den Direkter Romain Wehles géigeniwwer dem 100,7 an hirem éischten Interview no der Publikatioun vun der Sanktioun.
Ëmgank mam Reputatiounschued
D'Bank hätt "evidenterweis" an de leschten Deeg negative Feedback kritt, esou d'Françoise Thoma:
"Mir si ganz besuergt iwwer d'Reputatioun vun der Bank a mir setzen alles drun, fir dat méiglechst séier esou gutt wéi méiglech ze retabléieren"
De Caritas-Finanzskandal huet och d'Spuerkeess impaktéiert. D'lescht Joer krut déi kathoulesch ONG wärend fënnef Méint 61 Millioune geklaut, e groussen Deel dovun iwwer Spuerkeess-Konten.
"Huet eis schockéiert"
Déi Fraude mat hire ville Victimmen hätt e Mësstrauensklima geschafen, dat d'Spuerkeess schockéiert hätt an "dat eis immens wéideet". Déi meescht Associatiounen hei am Land hätten e Konto bei der Spuerkeess, esou de Romain Wehles, Member vum Direktiounscomité. Dat géif d'Spuerkeess obligéiere respektvoll mam Dossier ëmzegoen.
An der Chamber d'Wourecht gesot?
D'Spuerkeess-Direktioun gouf an de leschten Deeg vu villen Deputéiert kritiséiert wéinst hirem Verhalen am Mee an der Chamber-Spezialkommissioun iwwer d'Caritas-Affär. Do hätten déi Responsabel vun der Spuerkeess gesot, si hätt alles richteg gemaach. Nodeems d'CSSF d'lescht Woch strukturell Schwächte beim Finanzmonitoring vun der Spuerkeess bestrooft huet, hu verschidden Deputéiert sech gewonnert a gemengt, d'Spuerkeess wier net éierlech an der Chamber gewiescht.
D'Françoise Thoma seet dozou haut, d'Mataarbechter:innen hätte sech un déi Prozedure gehalen, déi en place waren, an an där Hisiicht keng Feeler gemaach. Dat hätt een am Mee wëllen an der Chamber op d'Fro vun engem Deputéierten ënnersträichen:
"Mee mir hunn net wëllen uklénge loossen, bei eis wier alles zur Perfektioun richteg".
An d'Bank wéisst, datt se nach e Wee viru sech hätt, dee se och wéilt goen. No der Caritas-Affär géif ee ganz kloer soen, datt een hätt kënne Saachen anescht maachen.
De 5. Mee, um Dag vun der Entrevue mat der Chamberkommissioun, hätt d'Spuerkeess zënter e puer Deeg gewosst, datt d'CSSF eng administrativ Sanktioun wéilt géint d'Bank decidéieren. Mee déi Prozedur wier nach net ofgeschloss gewiescht an et wier an den interne Gremien och nach net decidéiert gewiescht, wéi een dorop äntwere sollt. Et hätt een och virun den Deputéiert gesot, näischt dozou kënnen ze soen.
D'Vergaangenheet mat der CSSF
D'Spuerkeess-Direktioun confirméiert, datt d'CSSF d'Spuerkeess beim Monitoring vun de Finanztransaktioune scho viru Jore verwarnt hat. Déi Kontroll wier 2020 ofgeschloss ginn an eng ganz Rei Mesure wiere relativ séier ëmgesat ginn. Mee d'Regulatiounen an d'Kreativitéit vun internationale Fraudeuren hätte sech och weiderentwéckelt. "Eng oder zwou" méi grouss Mesurë wieren awer nach net ëmgesat gewiescht, an dat hätt d'CSSF elo bei der neier Kontroll festgestallt. Den Dossier Caritas géif d'Ëmsetze vun de Mesuren nach eng Kéier acceleréieren.
Dem Romain Wehles no, huet d'Spuerkeess elo e ganze Programm fir de Monitoring ze verbesseren. Et wieren och nei informatesch Outile kaaft ginn, déi am Gaange wieren deployéiert ze ginn. Donieft géif et Formatioune fir d'Personal a Clientë ginn. A verschidde Mesurë wieren och schonn ëmgesat.
Nei Risikokultur
D'Clientë kréichen an Zukunft vläicht méi dacks ugeruff a géife méi Dokumenter gefrot ginn. Dat wier zum Deel elo schonn de Fall. No enger gewësser Zäit kéint een dat perfektionéieren a méi gezillt op isoléiert Fäll agoen, seet de Romain Wehles.
An d'Caritas?
Wéi schonn an hirem Communiqué d'lescht Woch, widderhëlt d'Spuerkeess-Direktioun, datt een awer haut net kéint soen, ob d'Caritas-Fraude éischter opgeflu wier, wann d'BCEE aner Prozedure gehat hätt. D'Spuerkeess wëllt also keng Responsabilitéit droe fir eppes, wou d'Auteure vun der Fraude net an der Bank ze siche wieren. Déi Froe lande méiglecherweis nach viru Strofgeriichter an Zivilgeriichter.
An deem Sënn wëllt d'Spuerkeess-Direktioun eegenen Aussoen no mat der Fondatioun Caritas en aussergeriichtlechen Accord fannen, wa méiglech:
"Mir wëlle méiglechst zäitno eng Léisung fannen - en akzeptabele Kompromëss fir all d'Acteuren, déi hei dru bedeelegt sinn"
Et wier een och bereet d'Initiativ ze ergräifen an et wieren och scho Gespréicher ginn.
D'Fondatioun Caritas ass wärend der Finanzfraude bei der BGL a bei der Spuerkeess ëm 33 Milliounen Euro an de Minus gaangen an et bleift ënner anerem ze klären, ob d'Caritas déi Sue ganz, deelweis oder guer net rembourséiere muss.
D’Françoise Thoma iwwer méiglech Gespréicher mat der Caritas.