Betraff vun där Reouverture si just Persounen, an et gëlle ganz strikt Conditiounen.
De Grenziwwergang vu Rafah ass déi eenzeg Entrée an d‘Gazasträif, déi net duerch Israel geet.
Waffepaus steet op wackelege Féiss
D‘Reouverture ass am Accord iwwer eng Waffepaus virgesinn. Déi steet den Ament awer op wackelege Féiss. Gëschter um Samschdeg sinn 32 Leit bei israeeleschen Attacken an der Gazasträif ëm d‘Liewe komm.
Israel seet, dat wier hir Äntwert, well d‘Wafferou vu palästinensescher Säit aus net géif respektéiert ginn.