arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enquête wéinst presuméierter Immobilienaffär an der Gemeng Déifferdeng

Perquisitiounen

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Enquête wéinst presuméierter Immobilienaffär an der Gemeng Déifferdeng

De Parquet huet um Dënschdegmëtteg per Communiqué eng Enquête wéinst enger presuméierter Immobilienaffär an enger Gemeng public gemaach. Den Déifferdenger LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch huet dem radio 100,7 confirméiert, datt et sech ëm seng Gemeng handelt.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Hie selwer wier inculpéiert wéinst dem Virworf vu Korruptioun an Traffic d’influence ronderëm eng Transaktioun mat der Immobiliefirma VOI, an där säi Kolleeg Fabrizio Bei Associé ass.

De Parquet schreift am Communiqué vun enger presuméierter frauduléiser Vente vun engem Terrain vun der Gemeng un eng Immobilière. D’Gemeng wier bei der Transaktioun staark benodeelegt ginn, esou de Parquet, deen awer och un d’Présomption d’innocence erënnert.

Guy Altmeisch: "Ech leeën d'Kaarten all op den Dësch"

De Guy Altmeisch confirméiert, datt et um Dënschdegmoie Perquisitioune bei him doheem an an der Gemeng goufen, an datt d’Police judiciare ënner anerem Harddisken an Telefone matgeholl huet. Am 100,7-Interview sot de Guy Altmeisch, hie wéilt kooperéieren.

"Ech si frou, dass mir no zéng Joer iwwerleeën an no zéng Joer Schandfleck vun deem Dreckseck, deen et virdru war, elo an de Bau kommen, an dass mir do aus de Startlächer komm sinn. Ech hat gehofft, dass mir do awer elo wierklech zügeg viru géife kommen. Well fir mech ass dat do reng Spekulatioun an ech schaffen transparent mat an deem Dossier do. An ech leeën d'Kaarten all op den Dësch."

De Guy Altmeisch hofft, datt seng Onschold esou séier wéi méiglech bewise ka ginn. 

"Also ech hoffe just, dass ech aus där Nummer do erauskommen. Ech hoffe just, dass déi Klacken, déi elo esou haart lauden, an déi esou séier do sinn, fir een ze inculpéieren, grad esou haart lauden a grad esou séier do sinn, wann d'Onschold vun deenejéinege Leit, déi elo dann hei wierklech un de Pranger gehaange ginn, bewisen ass. A wa mir dann op där anerer Säit sinn a mir beweisen d'Onschold, wat de Fall wäert sinn, da wäerten dann och d'Klacke grad esou haart lauden."

Den Déifferdenger Buergermeeschter dementéiert dann och, datt hie sengem Kolleeg, dem Fabrizio Bei, an iergendenger Form eng Faveur wollt maachen.  

"Ech géif gär d'Basis gesinn, déi déi do Inculpatioun zouléisst. An déi géif ech och gär héieren."

play_arrow De Guy Altmeisch am Gespréich mam Jean-Claude Franck