Tomahawk-Laangstreckerakéite kënnen esou eng wäit Distanz zeréck leeën, datt esou Rakéiten eng wichteg Roll am russeschen Aggressiounskrich géint d’Ukrain spillen. Dowéinst huet den Ukrainesche President esou Rackéite bei den USA ugefrot.
Den US-President Donald Trump hat sech schonn am Virfeld vun dësem Gespréich éischte vag ausgedréckt an hat scho betount, datt d’USA déi Rakéiten och selwer bräicht. An deem Deel vum Gespréich um Freideg, dat ëffentlech gestreamt gouf, sot den Trump hie géif hoffen, de Krich och ouni déi Rakéiten op en Enn ze bréngen.
US-Medie schwätze vun ugespaanter Situatioun
US-Medie soen d’Ukrain dierft bis op Weideres mol net op eng Liwwerung vun Tomahawk-Laangstreckerakéiten hoffen. Medien wéi “Axios” oder CNN hu gemellt, datt den Trump dem Selenskyj de Go verweigert hätt. Si beruffe sech dobäi op “informéiert Quellen”. D’Treffe wier iwwerdeems “net einfach” gewiescht an “deelweis emotional”.
Beim NBC huet de Selenskyj allerdéngs gesot “Et wier gutt, datt de President Trump net Nee gesot hätt, mee haut och net Jo.”.
Een Dag virum Treffe mam Selenskyj hat den Trump mam Putin telefonéiert. Hien hat dat Gespréich als “ganz produktiv” bezeechent. D’Fro wéi vill dat Telefonat d’Gespréich mam Selenskyj beaflosst huet, bléift onbeäntwert.
Huet den Trump seng Meenung zum Krich geännert?
Den US-President schéngt seng Meenung zum Krich géint d’Ukrain ëmmer nees ze änneren. Virun enger Zäit hat et nach geheescht, d’Ukrain kéint mat Hëllef vu westlechen Alliéierten hir Grenzen zeréckerueweren. Dës Grenze wieren “eng Optioun”.
Elo appelléiert den Donald Trump u béid Säite fir de Krich op en Enn ze bréngen. “Si sollten do ophalen, wou si sinn”. Iwwerdeems huet et weider geheescht “HAALT OP, GITT A FRIDDEN HEEM BEI ÄR FAMILLJEN”, esouwäit den Donald Trump an engem Post.
An den nächsten Deeg trëfft den US-President sech mam russesche Kremlchef Wladimir Putin zu Budapest.
Wat wëllt den Trump mam Putin beschwätzen?
Ee geneeën Zäitpunkt fir dat Treffen zu Budapest gëtt et nach net. Den Ukrainesche President Selenskyj wäert warscheinlech bei dem Treffen net dobäi sinn.
Schonn am August hat den Trump de Putin fir een Zweeërgespréich an Alaska invitéiert. Dat Gespréich ass ouni konkret Resultater op en Enn gaangen.
Den Trump plangt iwwerdeems sech Enn Oktober mam chineesesche President Xi Jingping ze treffen, fir iwwer hiren Handelskonflikt ze schwätzen. Den Trump hat scho Sanktioune géint Indie lancéiert, fir datt Indien ophale soll Ueleg vu Russland ze kafen. Den Trump wëllt och China dozou beweege keen Energiehandel méi mat Russland ze bedreiwen. Et ass nach onkloer mat wiem den Trump sech al éischt wäert treffen.
Selenskyj geet mat eidelen Hänn heem
Bei enger Pressekonferenz huet den Ukrainesche President op den US-Wonsch higewisen de Sujet Tomahawk-Rakéiten net méi ëffentlech ze diskutéieren. “D’USA wëlle keng Eskalatioun”, dat war d’Erklärung. Fir hie wier de Sujet awer nach net vum Dësch, esou de Wolodymyr Selenskyj.
De Selenskyj hat nach um Owend selwer seng Europäesch Partner informéiert.
Over two hours of a pointed conversation with the President of the United States @POTUS that can really help bring this war closer to an end. We discussed all key issues – our positions on the battlefield, long-range capabilities and air defense, and, of course, diplomatic… pic.twitter.com/5EeXv9AYg7
— Volodymyr Zelenskyy / Володимир Зеленський (@ZelenskyyUa) October 17, 2025