Radioen

On air

Spektrum  |  Marcus King - Hero

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Riedelen an engem Fliger vu Lëtzebuerg: Weider Persoune geimpft ginn

Gesondheet

No Riedelen an engem Fliger vu Lëtzebuerg: Weider Persoune geimpft ginn

An der Suite vun engem Fall vu Riedelen op engem Aller-Retour vu Lëtzebuerg op Oslo wiere véier Persoune geimpft ginn. Dorënner ee Bébé vun néng Méint an ee Mann, deem seng Fra schwanger ass. Dat mellt Radio Latina mat Verweis op de Gesondheetsministère.

auto_stories

1 min

Impfcertificat | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer

Et wiere bis ewell keng weider Fäll entdeckt ginn, heescht et. D‘Inkubatiounszäit vum Viraus kéint allerdéngs bis zu 3 Woche sinn. D‘lescht Woch hat de Gesondheetsministère dësen éischte Fall vu Riedelen zanter der Epidemie vun 2019 gemellt. Deemools ware ronn 24 Fäll entdeckt ginn.

D‘Riedele sinn een immens ustiechende Virus a kënnen wéinst Komplikatioune geféierlech oder souguer déidlech verlafen.