Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aleba: CNS soll enger Fra de Congé de maternité refuséiert hunn

Verfassungsgeriicht ass mam Dossier befaasst

Aleba: CNS soll enger Fra de Congé de maternité refuséiert hunn

Hei am Land soll eng schwanger Fra de congé de maternité vun der Krankekeess refuséiert kritt hunn. Dat behaapt d‘Bankegewerkschaft Aleba an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

Déi betraffe Persoun hätt zwar effektiv eréischt 5 Méint an 20 Deeg – an net wéi virgesi 6 Méint – virum Ufank vum Congé de maternité bei hirem Employeur geschafft, heescht et an engem Communiqué. Mee si wier do virdrun 9 Méint laang am Chômage bei der ADEM gemellt gewiescht.

De Refus vun der CNS géif sech op een Artikel vum Sozialversécherungsgesetz stäipen, dee virgesäit, datt Chômeure kee Recht op Congé de maternité hunn.

D‘Schidsriichter-Instanz vun der Securité sociale hätt doropshin d‘Verfassungsgeriicht mam Dossier befaasst. Eng Decisioun steet nach aus.