Radioen

On air

Spektrum  |  Pearl & The Oysters - Side Quest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Omega 90 wëll Formatiounen ausbaue fir der Demande nozekommen

Palliativ Fleeg

Omega 90 wëll Formatiounen ausbaue fir der Demande nozekommen

Omega 90 huet zejoert 116 Patienten a Patientinne palliativ begleet. Iwwer 4.000 Rendez-vousen fir Consultatioun goufe geleescht. All Joer géifen d‘Demande no der ASBL hire Servicer klammen, heescht et am Joresbilan.

auto_stories

1 min

Foto: Omega 90

Am ganzen hat d’ASBL zejoert Depensen an der Héicht vun iwwer 8 Milliounen Euro. 7 Prozent dovu goufen duerch privat Done finanzéiert. D’Demande géif all Joer weider klammen, sou den Direkter Fabian Weiser. Fir där gerecht ze ginn, wier d’ASBL am gaangen hire Service vun de Formatiounen auszebauen.

Fleegepersonal hätt an den Altersheemer a Fleegeheemer e Plus vun 32 Stonne geleescht, par rapport zum Joer virdrun. Fir 814 Persoune goufen 3.000 Stonne geleescht. Dat wier enorm, esou de Fabian Weiser.

Bei der ASBL sinn aktuell 61 Salariéeën an 72 Benevollen engagéiert.

Aktualitéit
Gesondheet
Politik a Gesellschaft