Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Afrikanesch Schwéngspescht: ALVA gëtt Recommandatiounen eraus

Nach gëtt et kee Fall zu Lëtzebuerg

Afrikanesch Schwéngspescht: ALVA gëtt Recommandatiounen eraus

Nach gëtt et kee Fall vun der afrikanescher Schwéngspescht hei am Land, mee well elo a Rheinland-Pfalz an an Hessen de Virus bei Schwäin a Wëllschwäin entdeckt gouf, gëtt d‘Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung ALVA e puer Recommandatiounen eraus.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

Déi afrikanesch Schwéngspescht iwwerdréit sech just vun Déier zu Déier, oder och iwwer indirekte Kontakt mat contaminéiertem Material oder Fleesch. Dofir soll ee keng Iessreschter an d‘Natur geheien, et soll een och keng Fleeschproduiten aus contaminéierte Länner matbréngen.

A Betriber, wou Schwäi gehale ginn, solle keng Leit vu baussen eragelooss ginn, a wann een e Kadaver vun engem Wëllschwäi gesäit, soll een dat direkt bei der ALVA mellen. 

D‘Veterinärsverwaltung erënnert och drun, datt de Virus vun der Schwéngspescht sech net op de Mënsch iwwerdréit, an datt och de Konsum vu Schwéngefleesch oder Wëllschwäin ongeféierlech ass.