Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Aussoe vum Marc Lies iwwer Refugiéen: D'CSV-Parteileedung hat ee klärend Gespréich

Politik

No Aussoe vum Marc Lies iwwer Refugiéen: D'CSV-Parteileedung hat ee klärend Gespréich

No den ëmstriddenen a vill kritiséierten Aussoe vum CSV-Député-Maire vun Hesper Marc Lies, hat d'CSV-Parteileedung elo e klärend Gespréich mam Politiker, mellt RTL.

auto_stories

1 min

Den CSV-Politiker hat an engem Post op Facebook op ee Bierger reagéiert deem seng Hénger an engem Stall gekäppt a geklaut gi waren. De Marc Lies hat gemengt, dat wier d‘Resultat vum fréieren Ausseminister Jean Asselborn senger „open gates Politik“. Eis Gesellschaft wier komplett dereguléiert vun eise Lénksparteien an enger Press, déi just nach op PR aus wier. Nodeems eng sëllege Politiker op déi Ausso op Facebook reagéiert a se schaarf kritiséiert hunn, huet d‘CSV sech vun dësen aussoen distanzéiert. De Marc Lies hätt der Parteileedung erkläert, datt dës Aussoen onglécklech gewiescht wieren a kee Lien mat der Flüchtlingspolitik gehat hätten