Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Wéi kléngt de Bëschbuedem am Éislék?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Attack op Flüchtlingscamp: Hamas huet Verhandlungen ofgebrach

Noen Osten

No Attack op Flüchtlingscamp: Hamas huet Verhandlungen ofgebrach

An der Gazasträif sinn d‘Verhandlunge fir eng Wafferou an e Geisel-Deal nees op Äis. Dat no enger israeelescher Loftattack op e Flüchtlingscamp am Süde vum Territoire mat Dosenden Doudesaffer gëschter.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib

En héije Responsabele vun der Hamas huet der franséischer Presseagence confirméiert, datt een déi indirekt Verhandlunge mat Israel ofgebrach hätt. Déi selwecht Persoun sot och, datt de militäresche Chef vun der Islamistenorganisatioun, Mohammed Deif, dee vun der Attack viséiert war, um Liewe wier.

Déi Informatioun ass bis ewell awer net onofhängeg iwwerpréift. Beim Ugrëff op déi humanitär Zon westlech vun der Stad Khan Junis si palästinenseschen Angaben no op d‘mannst 90 Mënsche gestuerwen, 300 Persoune wieren och blesséiert ginn.