Radioen

On air

Concert  |  "Man ist dem Publikum sehr nah"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Netanjahu gëtt dem Drock vun den USA no

Hëllefsliwwerungen an d'Gazasträif

Netanjahu gëtt dem Drock vun den USA no

Et soll direkt substantiell méi Hëllefsliwwerungen an d‘Gazasträif zougelooss ginn. Riets ass vun 250 Camionen den Dag. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu hätt den Uerder dofir ginn, huet den israeeleschen ëffentlech-rechtleche Radio gemellt.

auto_stories

1 min

Benjamin Netanjahu | © picture alliance / AA/photothek.de | Kira Hofmann

Den Netanjahu gouf dobäi vun den USA ënner Drock gesat. Washington huet gedreet, d‘Waffeliwwerungen un Israel ze bremsen, sollt d‘Situatioun vun der palästinensescher Populatioun sech net verbesseren. Israel huet bis elo nëmme wéineg Hëllef an d‘Gazasträif gelooss. Déi humanitär Situatioun op der Plaz bleift katastrophal.