Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Alfie Templeman - Broken

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chef vun der Hamas Yahya Sinwar ass dout

Noen Osten

Chef vun der Hamas Yahya Sinwar ass dout

Israel huet de Chef vun der Hamas ëmbruecht. Fir Israel war de Yahya Sinwar den Drotzéier vum Massaker vum 7. Oktober d‘lescht Joer. An domat de meescht gesichten Terrorist.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Mohammed Talatene
Foto: picture alliance/dpa | Mohammed Talatene

De Yahya Sinwar huet d‘Hamas zënter 2017 geleet. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet vun engem decisiven Ament geschwat. Et wier den Ufank vun der Ära no Hamas, sot den Netanjahu an engem Video. Och den US President Joe Biden huet d‘Nouvelle begréisst. Et wier e gudden Dag fir Israel, d‘Vereenegt Staaten an d‘Welt, esou de Biden.