Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Kitty Ca$h, Thundercat & James Fauntleroy - Time Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 60 weider Leit komme bei israeeleschen Attack op de Libanon ëm d'Liewen

Noen Osten

60 weider Leit komme bei israeeleschen Attack op de Libanon ëm d'Liewen

Bei israeeleschen Attacken op de Libanon sinn an de leschte 24 Stonnen op d'mannst 60 Leit ëm d‘Liewe komm. Déi Chifferen huet de libanesesche Gesondheetsministère genannt. 168 Mënsche goufe blesséiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Marwan Naamnai
Foto: picture alliance/dpa | Marwan Naamnai

Zënter dem Optakt vum Gazakrich sinn am Libanon domat 2.300 Leit gestuerwen, heescht et vu Beirut.

An der Gazasträif selwer sinn d‘lescht Joer iwwregens am ganze bis elo 42.175 Leit ëmkomm. Déi Chifferen huet den Gesondheetsministère, dee vun der Hamas kontrolleiert gëtt, matgedeelt.