Radioen

On air

9 bis 1  |  Heather Woods Broderick - Wherever I Go

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel bombardéiert den Zentrum vu Beirut

22 Doudeger

Israel bombardéiert den Zentrum vu Beirut

Op d'mannst 22 Leit sinn den Donneschdeg den Owend bei enger israeelescher Attack op dicht besidelt Quartieren am Zentrum vu Beirut gestuerwen, wéinstens 117 Leit si blesseiert ginn, mellen déi libanesesch Autoritéiten. Iwwerdeems hunn e puer Länner ugekënnegt, Israel bei enger méiglecher Revancheattack géint den Iran net ënnerstëtzen ze wëllen.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Marwan Naamani
Foto: picture alliance/dpa | Marwan Naamani

Bei enger israeelescher Revancheaktioun géint den Iran wëlle verschidde Länner - nämlech Jordanien, de Katar, Saudi-Arabien an déi Vereenegten Arabesch Emiraten - Israel net ënnerstëtzen. Dat mellt de Wall Street Journal.

An dëse 4 Länner sinn amerikanesch Truppe stationéiert. Déi 4 hätten der amerikanescher Regierung elo matgedeelt, datt hir militäresch Infrastrukturen an hire Loftraum weder vun den USA, nach vun Israel fir offensiv Operatioune géint den Iran genotzt dierfe ginn. Den Iran hätt de genannte Länner soss mat enger Revanche gedreet.