Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ USA fuerdert Israel op, méi humanitär Hëllef an d'Gazasträif ze loossen

Noen Osten

USA fuerdert Israel op, méi humanitär Hëllef an d'Gazasträif ze loossen

D‘USA hunn Israel mat däitleche Wieder opgefuerdert, méi humanitär Hëllef an der Gazasträif zouzeloossen. Wann dat net bannent de nächsten 30 Deeg geschitt, géifen d‘USA eventuell Waffeliwwerungen un Israel stoppen.

auto_stories

1 min

Antony Blinken, US-Ausseminister

Esou steet et an engem Schreiwes vun den US-Aussen- a Verdeedegungsministeren Antony Blinken an James Austin un déi israeelesch Regierung.

Och déi israeelesch Attacken op déi libaneesesch Haaptstad Beirut hunn d‘USA ongewéinlech däitlech kritiséiert. Déi bal alldeeglech israeelesch Ugrëff op dicht bewunnte Quartieren zu Beirut wiere fir Washington inakzeptabel, sot de Spriecher vum Nationale Sécherheetsrot, John Kirby.

Déi israeelesch Attacken op Deeler vu Beirut ginn awer weider: Um Mëttwochmoie gouf et nees eng israeelesch Loftattack an der südlecher Banlieue vu Beirut. Virdrun hat Israel d‘Awunner:inne gewarnt an opgeruff, sech a Sécherheet ze bréngen.