Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Joe Biden stäipt Israel de Réck, fuerdert awer méi Rücksicht op déi zivil Populatioun

Noen Osten

Joe Biden stäipt Israel de Réck, fuerdert awer méi Rücksicht op déi zivil Populatioun

An Israel soll haut de Sécherheetsrot zesummekomme fir driwwer ze beroden, wéi eng Äntwert op déi iranesch Attack vu virun e puer Deeg soll kommen, mellen amerikanesch Medien. Iwwerdeems haten den Joe Biden an de Benjamin Netanjahu een Telefonsgespréich.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Tierney L. Cross - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Tierney L. Cross - Pool via CNP

De Verdeedegungsminister Joaw Galtan hat vun enger haarder Äntwert op déi iranesch Attack geschwat, déi soll däitlech, prezis an iwwerraschend sinn, esou seng Annonce op X.

Den US-President Joe Biden huet hënt mam israeelesche Premier Benjamin Netanjahu telefonéiert. Hien hätt Israel hei verséchert, datt d‘USA determinéiert hannert Israel stinn. De Biden hätt och ënnerstrach, datt Israel e Recht op Selbstverteidegung huet. Hien hätt awer och en Appell gemaach, Rücksicht op déi zivil Populatioun ze huelen, esou d‘Wäisst Haus.