Radioen

On air

Moiesstudio  |  Malik Djoudi - Viens On Prend Le temps

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland séchert Israel weider Militärhëllef zou

Noen Osten

Däitschland séchert Israel weider Militärhëllef zou

Den däitsche Kanzler Olaf Scholz huet Israel weider Waffeliwwerungen zougesot. Dat fir de Kampf géint d‘Terrormilizen Hamas an Hisbollah.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

Israel kéint sech op hir Solidaritéit verloossen an dorop, datt et och weider Waffeliwwerunge géif ginn, sot den Olaf Scholz am Bundestag am Virfeld vum EU-Sommet.

Gläichzäiteg huet den däitsche Kanzler erkläert, datt och weider humanitär Hëllefen néideg wieren, an datt et eng Perspektiv fir eng Zwee-Staate-Léisung bräicht.

Weider huet den Olaf Scholz den Iran dovu gewarnt, Israel weider ze attackéieren.