Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Net de richtege Master: Inneminister annuléiert Nominatioun vu Gemengebeamten

Sandweiler

Net de richtege Master: Inneminister annuléiert Nominatioun vu Gemengebeamten

Den Inneminister Léon Gloden huet d‘Nominatioun vun enger Persoun fir eng Gemengeplaz annuléiert. D'Persoun hätt net déi richteg Formatioun. Dat deelen déi gréng vu Sandweiler mat.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

© European Union play_arrow
Foto: European Union

Zu Sandweiler hat den LSAP-DP Schäfferot eng Persoun provisoresch nominéiert fir eng Plaz am Service Technique, Carrière A1. An der Ausschreiwung gouf e Master Diplom an Architektur, Urbanismus oder Aménagement du Territoire gefuerdert. De Schäfferot hätt decidéiert, d‘Plaz mat enger Persoun ze besetzen, déi zwar e Master huet, awer eng anerer Fachrichtung.

Nodeems déi gréng vu Sandweiler beim Inneminister reklaméiert hunn, huet de Léon Gloden decidéiert, d‘Nominatioun vun där Persoun ze annuléieren. Hien huet de gréngen zu Sandweiler den 1. August an engem Schreiwes matgedeelt, datt d‘Persoun, déi de Schäfferot fir d‘Plaz nominéiert hat, effektiv net d‘Konditioune géif erfëllen an net déi richteg Formatioun hätt. 

Fir de grénge Gemengeconseiller vu Sandweiler Jean-Paul Roeder ass et onverständlech, wéi esou eng Situatioun, no der Diskussioun zu Hesper viru ronn zwou Wochen, bannent kuerzer Zäit zwee mol virkomme kann.

Ausso lauschterenplay_arrow