Et sinn Organisatiounen, déi sech fir e gesellschaftspolitesch Ännerung asetzen an déi gesellschaftspolitesch Aarbecht maachen.
Hir ASBL Cell ass och an der neier Plattform vertrueden. An d‘Motivatioun fir déi Plattform ze grënnen, wier un ee konkreet Evenement gebonnen.
"A mir hunn eeben d'Gefill gehat mat der ganzer Caritasaffär, mat der Caritas, déi eng ganz wichteg gesellschaftspolitesch Aarbecht gemaach huet, déi am Fong duerch e prestataire de service ersat ginn ass, deen am Fong déi ganz gesellschaftspolitesch Aarbecht net méi mécht, datt do e grousse vide entsteet. An dofir hu mer geduecht mir mussen eis wierklech zesummen doen, fir datt net nach méi esou Saache geschéien."
Et wéilt een als ONGen an Zukunft mat an d'Entscheedungen agebonne ginn, déi ee betreffen, seet d‘Magali Paulus. Dat wier bei der Elaboratioun vum ASBL-Gesetz zum Beispill geschitt.
An enger éischter Entrevue mam Premier Luc Frieden hätt Voĉo dofir och d’Fuerderung gestallt, datt d’Asblsgesetz esou séier wéi méiglech reviséiert gëtt, sou nach d’Magali Paulus.