Radioen

On air

Concert  |  Händel, Rameau a Mozart treffen op d'Louise Farrenc

play_arrow Live
search

/ Accord fonnt fir Schlussdokument vun der UN Klimakonferenz

COP28

Accord fonnt fir Schlussdokument vun der UN Klimakonferenz

Accord um Weltklimasommet zu Dubai: Déi international Communautéit bekennt sech eng éischte Kéier zu enger Transitioun fort vu fossiller Energie. Eng fest Zouso fir ee séieren Ausstig aus feelt awer am Text. D’Reaktiounen op d’Decisioune vun dëser COP28 sinn deemno och ganz gemëscht.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)

Begréisst gëtt vu ville Säiten, datt déi bal 200 Länner sech um Enn mat engem Dag Verspéidung iwwerhaapt nach Eens gi sinn. Dëst nodeems eng éischt Versioun vun der Ofschlossdeklaratioun wéinst massiver Kritik verworf gouf.

Wëssenschaftlech Erkenntnisser eecht huelen

An trotz de ville Widderstänn wier den Ausstig aus der fossiller Energie elo inevitabel, sou d’Reaktioun vum UN-Generalsekretär Antonio Guterres, deen awer och bemierkt: Hoffentlech kënnt den Ausstig net ze spéit.

Dat ass net garantéiert, well d’Formulatiounen, déi am Accord gewielt goufe sinn net contraignant genuch, huet den US-Klima-Beoptraagten John Kerry festgestallt.

“Vill Leit hei hätte léiwer eng méi kloer Sprooch gehat, dozou datt d’Emissiounen an de Verbrauch vu fossiller Energie an dësem kritesche Joerzéngt  ufänken erof ze goen. Mee mir wëssen dat hei ass ee Kompromëss tëscht ville Säiten.”

Alles géif also dovunner ofhänken, wéi eescht d’Länner déi wëssenschaftlech Erkenntnisser huelen, datt séier muss agéiert ginn, esou nach den John Kerry.

Kritik vun den Inselstaaten

De Grupp vun de klengen Inselstaaten, deenen hir Existenz duerch d’Äerderwiermung menacéiert ass, huet sech skeptesch gewisen. Hir Spriecherin Anne Rasmussen:

“Mir verweisen iwwerall am Text op d’Wëssenschaft. Mee da verzichte mir op een Accord fir och am Aklang mat der Wëssenschaft ze handelen”.

Déi emiratesch Presidence vum Klimasommet huet d’Decisioun iwwert den Accord de Moien ouni weider Diskussiounen an der Plenière duerchgedréckt. De Grupp vun de klengen Inselstaate war net present am Sall, wéi den Text ugeholl gouf. 

Lauschterenplay_arrow