Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neien SAS-Kollektivvertrag gouf ënnerschriwwen

Soziale Secteur

Neien SAS-Kollektivvertrag gouf ënnerschriwwen

De protocole d'accord vum sougenannten SAS-Kollektivvertrag fir 18.000 Mataarbechter am Sozial-a Fleegesecteur gouf den Dënschdeg Mëtteg ënnerschriwwen. De Kontrakt leeft vum 1. Januar 2025 bis den 31. Dezember 2027.

auto_stories

2 min

Et handelt sech ëm e protocole d'accord, deen am September nach vun der Tarifkommissioun SAS vum OGBL muss gréng Luucht kréien. Fir de Smail Suljic vum OGBL hätt een an den aktuelle Verhandlungen e gutt Resultat fir d'Personal kënnen erreechen, dat géif besonnesch fir déi linear Salaireserhéijungen an de Karriären C1,C2 an C3 gëllen.

Doriwwer eraus hätt ee mat enger limitéierter Enveloppe vun 2-3 Prozent d‘SAS-Salairen un déi vum FHL-Kollektivvertrag ugenähert, seet de Smail Suljic.

SAS-Kollektivvertrag weider un den FHL-Kontrakt ugläichen

D'Ausbezuele vun enger Vakanzeprimm an Héicht vu 42 Punkten a vun enger prime unique an Héicht vun 3.670 Euro brutto si weider qualitativ Verbesserungen. Dobäi kënnt, datt de Supplement fir Iwwerstonnen net méi am Konto vum Employeur, mee an dem vum Salarié verbucht gëtt.

Wann een ze dacks d'wéchentlech Roudauer vu 44 Stonnen net kann anhalen, gëtt Enn dës Joers e Congésdag fälleg. Dee Compteur gëtt elo net méi op null gestallt, mee leeft permanent weider. Donieft muss de Schaffplang elo 10 Deeg virum nächste Mount bekannt sinn, amplaz bis elo 7 Deeg. Wéi et vum OGBL heescht, wéilt een awer och weider dru schaffen, datt den SAS-Kontrakt un den FHL-Kontrakt aus dem Spidolswiesen ugeglach gëtt.