Eleng d’lescht Joer goufen enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro no eng 44 Tëschefäll mat Drone bekannt, kee vun deenen Tëschefäll wier awer kritesch gewiescht, heescht et do ouni weider Detailer.
Organisatioun a legal Froe mussen nach gekläert ginn
Technesch wëllt een elo präventiv op dem neitste Stand sinn an och verschidde legislativ Froe klären, den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten hat bei deenen zoustännege Ministèren an der Kommissioun nogefrot.
“D'Regierung huet eis gesot, datt si un engem Aktiounsplang schafft, wou selbstverständlech eng Partie legal Froe musse gekläert ginn, awer och eng Partie organisatoresch a wat fir een Ekipement brauche mir, fir eis ze wiere géint Dronen, déi villäicht Problemer schafen, bei Flughäfen, awer och bei anere wichtegen zivillen Infrastrukturen. Dofir war déi Sitzung hei ganz hëllefräich.”
Gesetzesännerunge wäerten néideg ginn
Et gëtt kee Grond zur Panik, et besteet aktuell schonn ee Reaktiounssystem dee funktionéiert, esou den Deputéiert vun déi Gréng Meris Sehovic.
“Et schéngt och evident no der Sëtzung, datt mir och eng Rei vu gesetzlechen Ännerunge wäerte musse virhuelen, manner wat d'Detektioun vun deenen Dronen ugeet, mee méi wat dann duerno déi Fro vun der Neutralisatioun vun deenen Dronen ugeet, mee och do huet d'Regierung annoncéiert, datt se wëllt aktiv ginn an do waarde mer elo ganz gespaant op da konkreet Proposen.“
D‘Spezialunitéit vun der Police ass den Ament zoustänneg wa verdächteg Dronenaktivitéiten observéiert ginn, si si genee wéi d‘Arméi och equipéiert fir esou Dronen ze neutraliséieren.
Defensebudget oder Policebudget?
Sollt een déi ganz Dronenofwier net iwwer den Defensebudget lafe loossen amplaz iwwer de Policebudget, déi Fro huet den Deputéierte vun de Pirate Marc Goergen opgeworf:
“Dofir hu mir als Piraten déi Pist elo opgewisen, datt een dat an Zukunft och kéint maachen, well déi selwecht Apparater, déi da géifen d'Dronen hei lokaliséieren a se herno neutraliséieren, kéint ee jo och dann am Ausland asetzen, wann dat eng Kéier vun der NATO géif gebraucht ginn. An et ass sécherlech eng Pist, wou mer zu Lëtzebuerg sollte verfollegen, virun allem well mer jo awer och den NATO -Budget iergendwou mussen ausginn.”
Wat den Aktiounsplang vun der Regierung ugeet esou soll deen „zäitno“ an der Chamberkommissioun presentéiert ginn.