"Lëtzebuerg muss e Science Center hunn. Mir brauchen déi Connectioun, wou Jonker a manner Jonker d'Science op enger anerer Aart a Weis kënnen entdecken", seet déi nei Direktesch, Nancy Racké. Si huet am Januar ugefaangen. Hire Virgänger a Grënner vum Science Center, Nicolas Didier, war am September zejoert entlooss ginn. Hie krut en Interessekonflikt virgeheit, well hien Direkter, President vum Verwaltungsrot, a Proprietär vun der Firma GGM11 war, déi enk mam Science Center zesumme geschafft huet. Elo gëtt et een neit internt Reglement.
Domat wier et och mat dem Cumul vu Rollen eriwwer an et hätt een een neit Finanzdepartement an een neie Comptabilitéitssystem en place gesat, fir an Zukunft méi transparent mat de Partner a mam Public kënnen ze sinn.
Vergaangenheet hannert sech loossen, Ekipp ass motivéiert
Dem Public wëll een eng Rei nei Projeten ubidden. Dorënner fir d'éischte Kéier eng temporär Ausstellung, iwwert de Verbrennungsmotor, am September, an eng „Rees duerch de Kierper“ am Planetarium. 66.000 Visiteure wëll de Science Center dëst Joer unzéien - 5 Prozent méi ewéi zejoert. Déi 41 Leit, déi do schaffe wiere nees gutt motivéiert, sou déi nei Direktesch.
"Engersäits gëtt et de Passé, do gëtt et sécher nach vill opzeschaffen, mee anerersäits gëtt et eng Ekipp déi immens begeeschtert ass, fir erëm richteg kënnen duerchzestarten."
Zënter Februar huet de Science Center och en neie Verwaltungsrot, mam Camille Feyder als President, an zwee Regierungsvetrieder; de Marc Vanolst aus dem Finanzministère, an de Gilles Dahmen aus der Educatioun. D‘Zesummenaarbecht mat de Schoulen, aus deene ronn een Drëttel vun de Visiteure kënnt, soll weider ausgebaut ginn. Am Summer zejoert hat de Science Center eng nei Konventioun mam Educatiounsministère ënnerschriwwen.