Radioen

On air

Notturno  |  Jennifer Loveless - Muzik

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Escher Geschicht(en)

Den Hallwer Néng

Escher Geschicht(en)

Am Gespréich mam Maurice Molitor presentéiert de Lokalhistoriker Christian Müller ee Buch, dat fir de 60. Gebuertsdag vun den Escher Geschichtsfrënn erauskoum: “Vergessene Geschichten aus Esch”.

auto_stories

6 min

headphones

15 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
De Lokalhistoriker Christian Müller. (Foto: Jo Diseviscourt)

De Christian Müller ass Wirtschaftsredakter a Journalist beim Tageblatt a Member bei den Escher Geschichtsfrënn. An dat, obwuel hie gebierteg net vun Esch ass, mee vun Iechternach. No kuerzer Zäit an der Minettmetropole hätt hien awer gemierkt, datt Esch méi ze bidden huet, wéi just d’Geschicht ronderëm d’Stolindustrie, sou de Christian Müller am Gespréich mam Maurice Molitor.

Eng al Postkaart hat dem Christian Müller säin Intressi un der Escher Geschicht erwächt. D’Motiv: Een Tuerm vun enger Festungsmauer. Deen Tuerm stoung awer néierens zu Esch. Ganzer zwee Joer huet de Journalist a Lokalhistoriker gebrauch fir erauszefannen, wat et mat deem Tuerm op sech hat. Et war eng nogebaute Kopie aus Holz, déi fir een Anniversaire vun der Stad Esch opgeriicht, a kuerz dono nees ofgeriicht gouf. Et sollt eng Kopie vun deem Tuerm sinn, deen och am Escher Wopen ze gesinn ass.

Liicht Geschichten zur Escher Geschicht

Et gëtt also villes aus der Escher Geschicht, dat nach net esou gutt opgeschafft ass. An dat trotz grousse Referenzwierker wéi dem Joseph Flies säin “Das andere Esch”. Och de Chrisitan Müller ass der Meenung, datt et nach un engem richtegen, wëssenschaftlech opgeschafftem Geschichtsbuch iwwer d’Stad Esch feelt.

Fir hire 60. Gebuertsdag hu sech d’Escher Geschichtsfrënn dofir virgeholl, eppes ze produzéieren, wat bleift an nohalteg ass. D’Resultat: “Vergessene Geschichten aus Esch”, ee Geschichtsbuch iwwer Esch. D’Zil war et awer, net esou wëssenschaftlech un d’Saach erunzegoen, mee méi liicht Geschichten ze verzielen. Sujete sinn zum Beispill d’Fluchfeld zu Lalleng, d’Festungsmauer, an d’Bunkeren ënnert der Schëfflenger Schmelz.

Stolindustrie ass eng Krichsindustrie

Ënnert der Schëfflenger Schmelz befanne sech nämlech Festungskelleren. Am Kader vum Ukrainkrich, wou nees méi iwwer Bunkere geschwat ginn ass, hat de Christian Müller sech méi intensiv domadder beschäftegt. Dës Bunkere sinn zwar relativ kleng a just fënnef bis zéng Meter ënnert dem Buedem. Et huet sech awer ëm een zimmlech grousse Reseau gehandelt, deen allerdéngs elo duerch zougemauert Passagen a Gäng deels ënnerbrach ass.

Fir déi däitsch Besatzer waren d’Sitte vun der Stolindustrie ganz wichteg. Dofir goufen dës am Éischte Weltkrich och dacks vu franséischen a brittesche Fliger aus der Loft bombardéiert. Fir d’Sitten ze schütze gouf et och innovativ Léisungen. Sou huet een iwwer de Stolwierker grouss Ballone fléie gelooss, déi um Buedem un décke Bëtongsbléck ugestréckt waren. An der Loft waren d’Ballone mat Kette matenee verbonn. Sou sollte Fligeren am Déiffluch sech dra verfänken.

“Esch la mauvaise” an d'Juegd op Fräschen

D’Escher Geschicht huet awer méi ze bidde wéi just d’Episode wärend oder nom Krich. D’Spuere vun enger Besiidlung ginn zeréck bis an d’Steenzäit, an am Mëttelalter hat Esch eng Festung. Ausser Stroossennimm wéi Rue du Fossé oder d’Rue des Remparts ass dovunner awer net méi vill iwwereg bliwwen. Et ginn awer nach puer Steng am Buedem, déi Zeie vun dëser Festung sinn, erkläert de Christian Muller. An enger Strooss nieft dem Gemengenhaus leien nach d’Fundamenter vun deem Tuerm, deen um Wopen drop ass, am Buedem. Den Ëmfang vun der Festungsmauer louch bei ronn 1,5 Kilometer.

Och zum ale Spëtznumm vun Esch, “Esch la mauvaise”, gëtt et een Text am neie Buch, geschriwwe vum Jérôme Quiqueret. Tatsächlech haten d’Escher ni Problemer mat dësem negative Numm. Wat d’Hirkonft vun dësem Spëtznumm ugeet, ass ee sech awer nach onsécher. Vläicht well et fréier eng sumpfeg Géigend war. Sécher ass awer, datt dat, wat als schlechten Numm geduecht war, duerno mat Stolz gedroe ginn ass.

 Stéchwuert Sumpf: d’Juegd op Fräsche war zu Esch eng Zäit laang och ganz populär, wéi de Christian Müller erzielt. An der Zäit kuerz virun der Stolindustrie sollen d’Escher Awunner Fräsch gefaangen hunn, a se duerno a Fässer geluecht, déi mat Reewaasser gefëllt waren. Zum Schluss goufe se u franséisch Händler verkaf. Et ass awer schwéier, fir zu deem Theema seriö Quellen ze fannen, präziséiert de Lokalhistoriker.

Mobilitéit zu Esch: Vu Rodange bis op London

Wat mëttlerweil och déi mannste Leit just nach wëssen: Esch an de ganze Rescht vum Minett haten een Tram. Tëschent 1927 an 1956 ass op engem Reseau vun iwwer 50 Kilometer den Tram circuléiert, vu Rodange bis hanner Keel. Innerhalb vun Esch gouf et och nach eng Stréck. Mee nom Zweete Weltkrich ass de privaten Auto opkomm, an den Tram ausser Moud geroden. Et gëtt hautzudaags och keen originale Waggon méi. Just nach op e puer Haiser sinn déi fréier Befestegunge vun de Kabelen ze gesinn.

Vum Tram bei de Fliger: Esch hat eng Zäit laang ee Fluchfeld. Et huet sech dobäi ëm eng Wiss gehandelt, déi an de spéiden 30er Joren dréche geluecht ginn ass. A vun där Wiss aus sinn déi éischt regulär Flich vu Lëtzebuerg, notamment op London, fortgaangen. Dëst war eng Initiativ vu Radio Luxembourg, fir Musikmaterial kënnen hin an hir ze fléien. Nom Krich ass de Betrib awer dunn agestallt ginn, well de Findel sech ëmmer méi zum Haaptflughafen entwéckelt huet. Fluchfelder waren zu där Zäit och net rar. Zu Munneref, wou elo de Fluchmusée ass, gouf et och ee Fluchfeld, erkläert de Christian Müller. Et ass awer dee vun Esch, dee sech zu där Zäit am beschten entwéckelt huet. Et ass eben op d’Lokalitéit an op Clibb mat engagéierte Leit ukomm, seet den Tageblatt-Journalist.

Een neie Geschichtsmusée fir Esch?

D’Theema Musée beschäftegt dann och d’Escher Geschichtsfrënn. Si fuerderen, datt et nees een Escher Geschichtsmusée soll ginn. Viru méi wéi 20 Joer war dat schonn eng Kéier de Fall. Hautzudaags huet Esch eng Uni, eng Konschthal, war Kulturhaaptstad vun Europa, mee huet kee Musée iwwer seng eege Geschicht. Dat wier bedauernswäert mengt de Christian Müller. Sou kéinte Schoulklassen näischt gewuer ginn, Historiker keng grëndlech Recherche maachen, an et ass schwéier, verschidden Objeten ze lageren.

Et géifen dann och Gespréicher mat der Escher Gemeng ginn, an déi responsabel wieren och motivéiert, fir sech deem Projet unzehuelen. Am Gespréich war dat aalt Gebai vu Luxcontrol. Dat wier awer net immens, esou de Christian Müller, well d’Räim kléng sinn.

Wat ee perfekte Standuert wier, dat wier eng vun den Hale vum Schëfflenger Wierk. Déi si grouss an et kéint ee modulabel Wänn opriichten. Op dëse Plang awer eng Kéier Realitéit gëtt, ass net gewosst. D’Escher Geschichtsfrënn sinn awer gudder Déng.

Lauschterenplay_arrow