Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Cam Maclean - Wait For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei intern Reegele fir méi Transparenz

Europaparlament

Nei intern Reegele fir méi Transparenz

Néng Méint nodeems Wallisse voller Suen op verschiddene Plazen zu Bréissel am Zesummenhank mam sou genannte Qatargate confisquéiert goufen, ass d’Europaparlament prett, seng intern Reegelen ze änneren. E Mëttwoch gëtt doriwwer ofgestëmmt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Plenarsall Europaparlament | © Foto: picture alliance | Daniel Kalker play_arrow
Plenarsall Europaparlament (Foto: Foto: picture alliance | Daniel Kalker)

Méi Transparenz soll fir méi Vertraue suergen, dat hat d’Parlamentspresidentin Roberta Metsola versprach, wéi si Uganks dëst Joer hire 14 Punkte Plang presentéiert hat. Doriwwer, wéi wäit ee goe wëll, ginn d’Meenungen allerdéngs auserneen. Dat huet den Debat an der Plenière gëschter Owend gewisen.

Déi zoustänneg Kommissioun am Parlament huet zanterhier diskutéiert. Hir Propose sinn elo prett an d’Rapportrice Gaby Bischoff schwätzt vun ambitionéierte Reformen.

"Mein Bericht zur Änderung der Geschäftsordnung schlägt neue Regeln vor und das betrifft die Art wie wir hier arbeiten in diesem Haus."

Méi streng Sanktiounen

An Zukunft mussen déi Deputéiert Aktivitéiten, déi méi ewéi 5.000 Euro am Joer abréngen, deklaréieren. All d’Reunioun mat Lobbyiste mussen ëffentlech gemaach ginn, et soll och ee Comité consultatif agesat ginn, deen driwwer waacht, datt d’Reegelen agehale ginn. An et sinn och méi streng Sanktioune wéi bis elo virgesinn.

Eng Partie, dorënner déi Gréng ma och d’Sozialiste wollte méi wäit goen.

Dat heiten ass net den neien Ufank, deen d’Parlament gebraucht hätt, ma just een éischte Schratt, seet déi Greng Gwendoline Delbos-Corfield.

Fir déi eng ze vill, fir déi aner ze mann

Oppositioun kënnt nach ëmmer vun der Europäescher Vollekspartei, déi am Vott an der parlamentarescher Kommissioun dee leschten Donneschden zesumme mat der Droite géint de Rapport gestëmmt huet. Et géif esou d’Gaby Bischoff, ënnerschiddlech Ambitiouns-Niveauen. Fir déi eng wier et vill ze vill, fir déi aner ze mann.

Fir d’Parlamentspresidentin Metsola, déi sech perséinlech fir ambitionéiert Reformen agesat huet, wier et sécher ee schlecht Bild, wann ausgerechent hir Partei déi Ännerungen um Enn duerch hir Géigestëmmen an der Plenière géif verhënneren.

Lauschterenplay_arrow