Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Koup Säiten, sou héich wéi den Eiffeltuerm

Iwwersetzung am EU-Parlament

Ee Koup Säiten, sou héich wéi den Eiffeltuerm

An der EU ginn et momentan 24 unerkannte Sproochen. All Gesetzestext vun der EU muss also an all déi Sproochen iwwersat ginn. Och all Debat am Europa-Parlament gëtt, wann néideg, iwwersat. Déi zentral Aarbecht gëtt fir d'Europa-Parlament gréisstendeels hei zu Lëtzebuerg um Kierchbierg gemaach vum Service de Traduction.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

De Valter Mavric ass zanter 2014 Generaldirekter vum Service de Traduction vum EU-Parlament. Heihi koum en aus Slowenien, direkt no dem EU-Bäitrëtt 2004 a schwätzt selwer 5 Sproochen.

De Service iwwersetzt Texter an Debaten am Parlament a 24 Sproochen. Iwwer 600 Iwwersetzer schaffen do, all Joer gi bal 3 Millioune Säiten iwwersat.

“Si toutes les pages étaient imprimées, ça serait tellement haut comme la Tour d'Eiffel."

D'Maschinne kënnen net alles iwwerhuelen

De gréissten Deel vun der Aarbecht wieren d'Gesetzer, betount de Valter Mavric

Hëllef kréien se natierlech vun technologeschen Hëllefsmëttelen, déi an Echtzäit Rieden iwwersetze kënnen. Op sou eng Automatiséierung net potenziell de Beruff vum Iwwersetzer ersetze kéint mengt hien net. Op d'mannst d'Gesetzer missten ëmmer eng Kéier verifiéiert ginn. 

"Elles doivent être très vite, elles doivent être disponibles. La machine ne peut pas faire tout automatiquement.”

Opwand bei nei unerkannte Sproochen

Falls elo katalanesch, galizesch a baskesch unerkannt gëtt, missten Dokumenter net méi just a 24 mee a 27 Sproochen iwwersat ginn. Doriwwer ze schwätze wär eng Hypothees seet de Valter Mavric. D'Demande géif héchstwarscheinlech net ugeholl ginn.

Wat dat un Opwand mat sech zéie géif, huet een awer gesinn, wéi Gaelesch, also déi iresch Sproch, 2007 unerkannt gouf. 1973 ass Irland der Europäescher Gemeinschaft bäigetrueden.

Bis zu 400 Kandidaten a Kandidatinnen

Deemools goufe schonn éischt Schrëtt geluecht. Entspriechend Studiegäng sinn agefouert ginn, nämlech Iwwersetzung an Interpretatioun. Fir dann no der Unerkennung vun enger Sprooch eng Ekipp am Iwwersetzungs-Déngscht zesummenzestellen, brauch ee genuch Kandidaten a Kandidatinnen an Zäit.

“Tu dois avoir tout de suite trois cents, quatre cents qui sont déjà disponibles à faire les concours, à faire les tests, venir au Luxembourg. Ce sont beaucoup des procédures à faire.”

Am Fong ass et och net wouer, datt de Service de Traduction just mat 24 Sprooche schafft. Zanter dem Krich an der Ukrain hunn se och eng Ekipp vir vun an an d’Ukrainescht ze iwwersetzen.

Och net-europäesch Sprooche ginn iwwersat

Ausserdeem gëtt et zanter dësem Joer ee Grupp fir net europäesch Sproochen am Service.

“Nous avons besoin aussi de communiquer avec l’extérieur, la partie externe de l’union européenne, les clients ont dit, toutes les positions, spécialement sur les droits de l'homme doivent être connus."

Dofir hätt een decidéiert, och d'Chineesesch, d'Russescht an d'Arabescht dobäi ze huelen.

Op d’ Fro hin, ob beim Iwwersetzen net och mol Problemer opkommen, äntwert de Valter Mavric, datt Iwwersetzen allgemeng bedeite géif, Problemer ze léisen. Et misst een nämlech ëmmer ee kulturell geluedene Message verstoen an eriwwerbréngen.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Lauschterenplay_arrow