Radioen

On air

Notturno  |  Donald Fagen - I.G.Y.

play_arrow Live
search

/ Nei Gentechnik: Kloer Kennzeechnung wichteg, seet d‘EU-Parlament

Europaparlament

Nei Gentechnik: Kloer Kennzeechnung wichteg, seet d‘EU-Parlament

D’Europaparlament ënnerstëtzt d‘Propose vun der Europäescher Kommissioun fir d’Reegele fir Nei Gentechnik-Planzen ze labberen. Allerdéngs missten d’Liewensmëttelen, déi doraus hiergestallt ginn, kloer gekennzeechent ginn, fënnt d‘Majoritéit vum Parlament. 

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© picture alliance / CHROMORANGE | CHROMORANGE play_arrow
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | CHROMORANGE)

D’Kommissioun wëll, datt fir bestëmmten Nei Gentechnik-Planzen, déi mat der Hëllef vun der sougenannter Genschéier geziicht goufen, an Zukunft keng extra Reegele méi gëllen.

„Eng Rise-Chance fir d‘Landwirtschaft“

Am Europaparlament ass ee sech net eens iwwert den Ëmgank mat sou genannten NGT-Planzen. Dat huet den Debat en Dënschdeg an der Plenière gewisen.

Die neuen Züchtungsmethoden sind eine riesige Chance für unsere Landwirte.“, seet zum Beispill den Europadeputéierten vun der däitscher CDU, de Peter Liese. Seng Fraktioun, vun der Europäescher Vollekspartei setzt sech genee ewéi d’Majoritéit vun de Liberalen fir eng Dereguléierung an.

Si erhoffe sech, datt duerch déi nei Ziichtungsmethod Planzen entstinn, déi manner Pestizide brauchen a méi widderstandsfäeg géint de Klimawandel ginn.

D’Meenungen doriwwer awer ginn auseneen.

De fräie Choix vum Konsument muss weider méiglech sinn

De franséische Sozialist Christophe Clergeau, fënnt et wier duerch dat proposéiert Gesetz net garantéiert, datt ee wierklech bei Liewensmëttel retracéiere kann, ob doran Nei Gentechnik enthalen ass oder net.

"Je suis pour une législation sur les NTG, mais je refuse de jouer l’apprenti sorcier et d'enlever toute liberté de choix aux consommateurs et aux paysans ."

Ee Consommateur, deen op Gentechnik verzichte wëll, hätt dono dee Choix net méi.

D’Parlament schwätzt sech dowéinst a senger Positioun dofir aus, datt déi entspriechend Produite, kloer gekennzeechent musse ginn.

„Principe de précaution“ weider respektéiert?

Eng fundamental Kritik um Gesetzprojet bleift awer bei ville Sozialisten, a virun allem bei deene Gréngen a Lénke bestoen, nämlech déi, datt de Principe de Précaution net respektéiert gëtt.

Fir, datt dat de Fall ass wieren, wéi bei anere Gentech-Planzen, Sécherheets-Analysen néideg, betount den däitsche Grénge Martin Häusling. Déi sinn awer net virgesinn.

"Die EU verlässt ihr Vorsorgeprinzip, es gibt keine Prüfung auf Risiko. Man sagt einfach, es gibt kein Risiko. Wer hat das jemals bewiesen?"

Eng ganz Partie Deputéiert hunn iwwerdeems drop higewisen, datt d’Kommissioun déi Labberung vun de Reegele proposéiert, ouni op decisiv Avise vu wëssenschaftleche Gremien ze waarden.

EU-Kommissioun: Sécherheet vun de Bierger geet vir

D'EU-Kommissärin Helena Dalli weist déi Reproche zeréck.

Nee, mir respektéiere voll a ganz dee Prinzip, d’Sécherheet vun de Bierge kënnt un éischter Plaz, d’Propose baséiert op den aktuelle Kenntnisser iwwert d’Sécherheet vun NGT -Planzen.“

Déi 27 europäesch Memberlänner sinn nach am gaangen un hirer Positioun ze schaffen. Ganz eens ass ee sech do nach net. Lëtzebuerg huet iwwerdeems seng Positioun geännert.

Déi viregt Regierung war éischter skeptesch, an huet op méi streng Reegele gepocht. Déi Nei Gentechnik wier eng Chance fir d’Landwirtschaft hat awer d’Agrarministerin Martine Hansen am 100Komma7- Interview gesot.

Eréischt wann d’Positioune vu béide Säiten, dem Europaparlament an de Memberlänner um Dësch leien, fänken d’Verhandlungen iwwert deen definitiven Text un.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.