Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Nei EU-Reegele fir grouss Tech-Firme vun haut un a Kraaft

Digital Markets Act

Nei EU-Reegele fir grouss Tech-Firme vun haut un a Kraaft

Eege Servicer vun de groussen Techfirme mussen deemno gläichberechtegt mat Servicer vun anere Gruppen offréiert ginn, dat gëllt zum Beispill fir Browser oder Sichmaschinnen.

auto_stories

1 min

Um iphone sollen zum Beispill och Appen vun anere Plattforme wéi dem App Store kënne geluede ginn. Parallel dierfen déi grouss Gruppen d‘Donnéeë vu verschiddene Konte wéi Instagram a Facebook net méi zesumme féieren. Am Fall vu Verstéiss riskéieren d‘Produzente Geldstrofen an Héicht vun 10 Prozent vum Joresëmsaz. Den Entwéckler vum Spill FortNite Epic Games huet Apple scho virgeworf seng Appen trotzdeem ze blocken.