Radioen

On air

Notturno  |  Homer - Now That It's Over Feat. Hether

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neikaledonien: Ausnamezoustand gouf opgehuewen

No Onrouen

Neikaledonien: Ausnamezoustand gouf opgehuewen

No de schwéieren Onrouen op Neikaledonien gouf den Ausnamezoustand no 12 Deeg den Owend nees opgehuewen, huet den Elysée matgedeelt. D‘Ophiewe vum Ausnamezoustand soll gudde Wëlle signaliséiere fir e positiven Dialog mat de Separatisten, esou déi franséisch Presidence.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Alain Pitton

Gläichzäiteg schéckt Frankräich 480 zousätzlech Polizisten op Neikaledonien. Domat sinn am Ganzen 3.500 Member vun der franséischer Arméi a Police op der Plaz.

D‘Situatioun huet sech berouegt, mee bleift ugespaant. Den internationale Flughafen an der Haaptstad Nouméa ass nach ëmmer zou.