Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zuel vu Milliardäre klëmmt, Kampf géint d‘Aarmut an dem Honger stagnéiert

Neien Oxfam-Rapport

Zuel vu Milliardäre klëmmt, Kampf géint d‘Aarmut an dem Honger stagnéiert

Kuerz virum Optakt vum Weltwirtschaftsforum zu Davos huet d‘Hëllefsorganisatioun Oxfam an engem Rapport drop opmierksam gemaach, datt et ëmmer méi Milliardäre géif ginn, an hiert Verméige géif weider klammen, wärend et beim Kampf géint d‘Aarmut an dem Honger op der Welt kéng Progrèse géif ginn.

auto_stories

1 min

Oxfam Logo | © Bigstock
Foto: Bigstock

Oxfam fuerdert dofir weider, datt eng Steier vun zwee Prozent op de Milliardären hiert Verméige misst agefouert ginn. Am Rapport vun Oxfam heescht et, all Woch géif et véier nei Milliardäre ginn. Gläichzäiteg wier d‘Zuel vu Mënschen, déi un Honger leiden, an de leschte fënnef Joer op 733 Millioune geklommen.