Wichteg Decisioune vu sengem Virgänger Joe Biden wëllt den Trump direkt no senger Vereedegung réckgängeg maachen. An den Deeg no senger Vereedegung wëllt den Trump och geheim Akten iwwert d’Ermuerdung vum President John F. Kennedy am Joer 1963 verëffentlechen, dat huet de Republikaner schonn annoncéiert.
Ee groussen Deel vun de fënnef Milliounen Dokumenter dozou wier scho komplett zougänglech, esou den US-Nationalarchiv.
Den Nach-US-President Joe Biden huet iwwerdeems eng Rei vu politesche Géigner vum Donald Trump preventiv begnodegt. Dozou gehéiert ënner anerem den US-Immunolog Anthony Fauci.
Eisen USA-Korrespondent mat Andréck aus dem Kapitol