"Eisen Haaptpunkt ass den Naturschutz" , seet de Paul Moes vun “Natur an Ëmwelt”. Den Ist-Zoustand wier schlecht.
D’Gewässer wieren ekologesch a chemesch an engem schlechten Zoustand, de Buedem wier net gutt an de Bësch krank. “Et gëtt och ganz schwéier de Bësch erëm an en ekologescht Gläichgewiicht ze kréien” – seet de Paul Moes. "Et kann ee wuel ëmmer Beem planzen, mee den Drock deen de Klimawandel op Beem mécht ass enorm. Et gi schwiereg Zäiten" esou de Paul Moes. Et misst een awer kucken dat Bescht doraus ze maachen.
Ëmdenken an der Gesellschaft
De Paul Moes fuerdert e gesellschaftlecht Ëmdenken. Virun allem misst ee verstoen, datt, d‘Natur net ofgetrennt vun der Gesellschaft ka gekuckt ginn. Béides gehéiert zesummen! "Wa mir d’Repercussioune vum Klimawandel nach méi intensiv spieren, kënnt et vläicht zu deem Ëmdenken", esou de Paul Moes.
D‘Revendicatioune vun “Natur an Ëmwelt” komme kuerz virun de Walen eréischt, d‘Organisatioun hofft, datt si als Gebrauchsuweisung fir d‘Koalitiounsgespréicher genotzt ginn.