arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nationalfeierdag an der Stad: Wäert eng Droneshow d'Freedefeier ersetzen?

Stad Lëtzebuerg

|
headphones

1 min

Nationalfeierdag an der Stad: Wäert eng Droneshow d'Freedefeier ersetzen?

D’Stater DP-Buergermeeschtesch schléisst op Nofro hin net aus, datt een an Zukunft dat grousst Freedefeier um Virowend vun Nationalfeierdag duerch eng Droneshow, wéi beim Trounwiessel, kéint ersetzen.

headphones

1 min

Et wier eng Iddi, der ee sech net verschléisse géif, esou d’Lydie Polfer, déi awer betount, datt d’Freedefeier an hiren Ae weiderhin eng besonnesch Bedeitung huet.

“Mee: Freedefeier fir Nationalfeierdag ass awer ëmmer, also, ech huelen un, Dir waart jo schonn alleguer mol eng Kéier dobäi fir dat Freedefeier, wat mir hei op der neier Bréck hunn. Dat ass awer wierklech, kann ee bal soen, eemoleg, well mer eeben do déi Bréck hunn an dann déi Chute. Et ass net d'Chute de Niagara, mee d'Chute vum Pont Adolphe."

D'Freedefeier wier wierklech impressionnant an et géif honnerte Leit an d'Stad bréngen, esou d'Lydie Polfer. Et wier wichteg, datt d’Stad géif Evenementer organiséieren, déi d’Leit zesummebréngen, esou nach d’Buergermeeschtesch.

Fir Sylvester géif et awer dobäi bleiwen, datt Freedefeier an der Stad verbuede wier, dat aus Sécherheetsgrënn. A klenge Gaasse kéint dat geféierlech ginn an och zu Bränn féieren.