arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 110 Milliounen Euro fir Liichtathletik-Stadion am Stater Budget 2026

Stad Lëtzebuerg

|
headphones

1 min

110 Milliounen Euro fir Liichtathletik-Stadion am Stater Budget 2026

Déi Stater DP-CSV Majoritéit huet de Méindegmëtteg de Gemengebudget fir d’Joer 2026 gestëmmt. De gréngen Oppositiounsconseiller Francois Benoy huet kritiséiert, datt d’Stad Lëtzebuerg schonn dat zweet Joer hannereneen en Defizit an hirem Budget huet.

headphones

1 min

Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg
Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg

Et géif op Käschte vun den zoukënftege Generatioun gewirtschaft ginn. Den CSV-Finanzschäffe Laurent Mosar léist dës Kritik net gëllen. D’Gemeng wier kee Spuerveräin, esou den CSV Politiker. Och wann een Defizit fir 2026 virgesi wier, géif dat net heeschen, datt een dësen och areecht. 

De François Benoy kritiséiert, schonn am Joer 2024 hätt d’Ville de Luxembourg keng Reserve méi gemaach. Wann den DP-CSV Schäfferot esou wieder mëscht, da wier 2030 näischt méi vun de Reserven do, esou de Francois Benoy vun déi Gréng. Den CSV-Finanzschäffe Laurent Mosar gesäit d’Lach méi positiv. Wann d’Reserven erof ginn, da géif dat och bedeiten, datt Ville de Luxembourg Projeten ëmsetzt. 

Mat ronn 110 Milliounen Euro ass de Liichtathletik-Stadion zu Hamm ee vun de grousse Käschtepunkten am Budget 2026. D’Bauaarbechte fir de Stadion fir d’Spiller vun der klenge Länner 2029 sollen d’nächst Joer u goen.