D’Evolutioun vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit wier ee Schrëtt fir d’Inklusioun vun alle Persounen, onofhängeg vun hirem Genre.
Dem nationale Fraerot no brauch den zoustännege Ministère duerch dës Erweiderung vun de ministerielle Kompetenzen awer och méi Ressourcen.
Weider begréisst den CNFL, datt eng Partie vu senge Fuerderungen op der Agenda vun der Regierung stinn. Dorënner d‘Fuerderung vun enger globaler Strategie am Kampf géint all Form vu gender-spezifescher Gewalt a Servicer fir Affer.