Dem neie Reglement no kann zwar all Heeschert sanktionéiert ginn, gëschter an der Kommissioun gouf awer präziséiert, datt déi sougenannten “mendicité simple” net poursuivéiert géif ginn, an nëmmen déi aggressiv mendicitéit viséiert wier, dat sot den Dan Biancalana, LSAP-Deputéierten a Vize-President vun der zoustänneger Chamberkommissioun.
De Meris Sehovic vun déi gréng bedauert, datt den Inneminister Léon Gloden eréischt no senger Decisioun de Kontakt mat der Police gesicht huet fir iwwer déi praktesch Ëmsetzung ze schwätzen.
De Marc Goergen vun de Piraten kritiséiert, datt dës Regierung eng Symbolpolitik bedreiwe géif, andeems si nach wärend de Verhandlunge Sozialverbänn zesummegeruff huet an elo awer net géint Aarmut virgeet.
De Fernand Kartheiser vun der ADR begréisst, datt d’Problematik vun der Heescherei iwwerhaapt opgegraff gëtt. Hie betount awer, datt muss ënnerscheet ginn, tëschent Mënschen, déi duerch ee Schicksalsschlag op der Strooss sëtzen a Mënschen, déi ausgebeut ginn.
De Mueren um 9 Auer wëll d’LSAP weider Detailer iwwer d’Decisioun vum Heescheverbuet ginn.
En Thema war och déi sougenannte Gemengepolice déi de Buergermeeschtere soll ënnerstallt ginn, hei war et gëschter an der Kommissioun d‘Informatioun dat des Police zum Deel soll vun de Gemenge finanzéiert ginn.