Radioen

On air

Notturno  |  Ziad Rahbani - Abu Ali

play_arrow Live
search

/ D'NATO wëll de Wee bei eng Ukrain-Memberschaft ofkierzen

Jens Stoltenberg zu Prag

D'NATO wëll de Wee bei eng Ukrain-Memberschaft ofkierzen

Déi ugestrieften NATO-Memberschaft vun der Ukrain soll dem NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg no forcéiert ginn. D’Allianz wier decidéiert fir de Wee bis dohin ofzekierzen.

auto_stories

1 min

Zu Prag huet de Jens Stoltenberg och begréisst, datt Kiew manner Limitatioune kritt fir den Asaz vu Waffe vun Alliéierten. Virdrun hat d’US-Regierung an och d’Bundesregierung e Changement an hirer Ukrainpolitik annoncéiert.

D’Land soll elo erlaabt kréien, amerikanesch an däitsch Waffen och géint militäresch Ziler am russesche Grenzgebitt anzesetzen. Deemno sollen Attacke vun do aus op déi ost-ukrainesch Stad Charkiw ofgewiert ginn.