Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ NATO: D'Ukrain soll 100 Milliarden Euro an den nächste 5 Joer kréien

Treffe vun den Ausseministere vun de NATO-Länner

NATO: D'Ukrain soll 100 Milliarden Euro an den nächste 5 Joer kréien

Den Nato-Generalsekretär Jens Stoltenberg schwätzt sech um Optakt vum Treffe vun den Nato-Ausseministere fir eng däitlech méi staark Roll vun der Militärallianz bei der Ënnerstëtzung vun der Ukrain aus. Et géing dorëmmer goen ze diskutéieren, wéi d’Nato méi Verantwortung fir d‘Koordinatioun vu Waffeliwwerungen a Formatiounssaktivitéite kéint iwwerhuelen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Jens Stoltenberg | © European Union play_arrow
Foto: European Union

De Jens Stoltenberg wëll d’Nato-Memberstaaten dozou encouragéieren, der Ukrain fir déi nächst fënnef Joer militäresch Ënnerstëtzung am Wäert vun 100 Milliarden Euro ze accordéieren. Et misst een all zesummen un der Säit vun der Ukrain stoen, esou den Nato-Generalsekretär zu Bréissel. D’Ukrain wier am Moment dréngend op Hëllef ugewisen an all Verzögerung hätt direkt Konsequenzen um Schluechtfeld.

Risiko, datt de Support vun den USA ewechfält

Ëm d’Koordinatioun vu Waffeliwwerunge fir d’Ukrain këmmere sech den Ament virun allem d’USA. An der Nato gëtt et allerdéngs d’Suerg, datt d’USA hire Support fir d’Ukrain staark kéinte reduzéieren oder esouguer fale loossen, wann am November de fréieren US-President a Republikaner Donald Trump d‘Presidentewal gewanne sollt.

Den Nato-Generalsekretär huet an deem Kontext ugekënnegt, datt beim nächsten Nato-Sommet am Juli soll doriwwer entscheet ginn, ob des Aufgab an Zukunft soll op d’Nato iwwerdroe ginn.

Bäitrëtt eng Fro vu "wéini", an net vun "ob"

Weider sot de Jens Stoltenberg haut zu Bréissel, datt d’Ukrain Nato-Member géing ginn. D’Fro wier nëmme wéini an net ob.

Schweden souz haut fir eng éischte Kéier mat um Dësch um Treffe vun den Nato-Länner. Schweden ass zanter Ufank Mäerz offiziell 32. Member vun der Nato. Finnland war der Militärallianz virun engem Joer bäigetrueden. D’Treffen zu Bréissel vun den Nato-Ausseministere geet muer weider. Da feiert d’Nato hiert 75-järegt Bestoen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International
Krich an der Ukrain