Sechs Méint Gespréicher waren néideg, bis et zur Iwwernam koum, esou de Roland Heintz, dee bis elo Direkter vu Boissons Heintz vun Housen war. D’Distributiounsfilial vun der Brasserie Nationale Munhowen a Boissons Heintz wieren ëmmer “fair Konkurrente” gewiescht, seet hien.
"Iwwer 40 Joer sinn ech am Business dran. Dunn hunn ech geduecht, elo ass villäicht de Moment mol eppes anescht a mengem Liewen ze maachen. A vue, datt ech do awer ee staarke Partner hunn, hunn ech fonnt eppes aus eiser Firma kënnen nach weider maachen, an datt se erhale bleift."
"Lëtzebuergesch Betriber zesummenhalen"
Boissons Heintz wier vu Munhowen Distribution fir d’Iwwernam ugeschwat ginn, seet d’Generaldirectrice vu Munhowen, Isabelle Lentz, déi léiwer vun enger Fusioun schwätzt.
"D’Zil vun der Fusioun ass éischtens mol lëtzebuergesch Betriber zesummen ze halen, well an der Famill Heintz war elo net direkt een do, deen dat konnt iwwerhuelen."
Zënter dem leschte Mëttwoch ass Munhowen offiziell de Proprietär vu Boissons Heintz. De Roland Heintz ekläert, den zukünftege Maartundeel, wäert bei 80 Prozent leien, wann ee just Depositaire kuckt. D'Isabel Lentz, CEO vu Munhowen schätzt en op 30 Prozent am Gedrénkshandel.
Fragmentéiert Distributioun
Nieft de béide Grossiste Munhowen an Heintz ginn et hei am Land eng 20 weider Gedrénksdistributeuren: Rieds goung bei der Presentatioun ee Freideg vun enger ganz fragmentéierter Distributioun hei am Land.
"All déi elo nach bleiwen, soe mer déi 20 klenger. Warscheinlech wäert een nom aneren ophalen. Mee et gëtt elo net déi Impakter wéi Munhowen an Heintz."
Kritt Munhowen Distribution no der Iwwernam vu Boissons Heintz net zevill Gewiicht um Marché?
"Ech denken net. Ech mengen, et ass jo ëmmer de Client, dee kann decidéieren, wou e keeft. Et ass jo net, datt elo keen anere méi am Land ass."
Duerch d’Iwwernam vun Heintz duerch Munhowen, wier fir d’Horeca-Betriber kuerzfristeg net mat Konsequenzen ze rechnen, erkläert op Nofro den HORESCA-President. Den Alain Rix geet dovun aus, datt fir déi nächst Zäit alles normal weider leeft, well all d’Kontrakter missten iwwerholl ginn.
Alles beim alen
D’Generaldirectrice vu Munhowen hofft, an der Groussregioun kënnen ze expandéieren, an do méi prezis a Frankräich.
"Well et ass do wou mer am Fong kënnen nei Marchéë siche goen. An de Marché ass och anescht. Well Lëtzebuerg ass schonn een haarde Marché. An a Frankräich komme mir awer e bësse méi einfach viru wéi hei zu Lëtzebuerg."
An der Groussregioun sinn Depositairen 10 oder 20 Mol sou grouss wéi Heinz a Munhowen zesummen. Dofir wier déi Iwwernam och wichteg, erkläert de Roland Heintz.
Mat deenen iwwer 300 Beschäftegte vun Heintz a Munhowen wéilt een transparent sinn, betount d’Isabelle Lentz: an enger éischter Phas, an den nächsten 18 Méint géif “alles zum ale bleiwen”.