D’Münchener Sécherheetskonferenz stoung dëst Joer ganz am Zeeche vun enger neier europäescher Confiance. Déi US-amerikanesch Vertrieder hunn iwwerdeems d’Hand a Richtung Europa ausgestreckt - zu hire Konditiounen.
Neit Selbstvertraue vu Friedrich Merz
Mat sengem Optrëtt um éischten Dag vun der Münchener Sécherheetskonferenz hat de Friedrich Merz e Freideg direkt den Toun gesat. Den Usproch vun den USA op Féierung an der Welt géif op d'mannst bezweifelt ginn, vläicht hätten d’Amerikaner e souguer scho verspillt, sot den däitsche Bundeskanzler.
Et war eng remarkabel Ried vum groussen Transatlantiker Friedrich Merz. D’Zäit, an där hie probéiert huet, ob dem Donald Trump seng Launen ze reagéieren, schéngt eriwwer - ersat duerch en neit Selbstvertrauen.
Wéi géifen d’USA op dës europäesch Emanzipatioun reagéieren? D’Ried vum Marco Rubio huet dat transatlantescht Verhältnis jiddefalls net weider zerrappt.
Nei Grondlag fir mateneen ze schwätzen
Den US-Ausseminister huet d’Europäer ëmmer nees als Frënn bezeechent - allerdéngs och verdäitlecht, wat d’USA vun dëse Frënn erwaarden. Dorënner e Retour bei e chrëschtlechen Ursprong, de Kampf géint eng Massenimmigratioun, an e Stopp vun der aktueller Klimapolitik.
Eng ganz Rëtsch Konditiounen also, mam Message: Follegt eis, da si mir léif mat iech.
Op d’Europäer dat nach matmaachen? D’EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas huet um leschte Konferenzdag dem Marco Rubio inhaltlech widdersprach, sot awer och et géif elo nees eng Grondlag ginn, fir mateneen ze schwätzen.
Lauschtert déi ganz Erklärunge vum 100,7-Korrespondent hei