Vu Februar u sollen déi aacht NATO-Memberlänner 10 Prozent méi Taxen operluecht kréien, bis et en Ofkommes iwwer de Kaf vun der Insel am Atlantik géif ginn, hat den US-amerikanesche President op Truth Social geschriwwen.
Kritik aus dem Senat: "Domm Taxen"
Aus den USA heescht et, datt de Leader vun den Demokraten am Senat, Chuck Schumer, déi Taxe stoppe wëllt. Dës "domm Taxen" hätten d’Präisser schonn an d’Luucht gedriwwen an der US-Ekonomie geschuet, an elo wéilt den Donald Trump déi Dommheet nach verstäerken.
Grönlännesch Hoffnung op Diplomatie
Eng grönlännesch Ministesch huet d’Reaktioun vun den europäesche Länner op d’Annonce vum Donald Trump begréisst.
D’Naaja Nathanielsen, Ministesch vun de Buedemressourcen, sot, si wär dankbar a voller Hoffnung, datt d’Diplomatie an d’Allianzen iwwerweie wäerten. E puer europäesch Leaderen haten déi Menacë vum Donald Trump gëschter um Samschdeg inacceptabel genannt.