D‘Féierung zu Teheran soll op d‘Entwécklung vun Atomwaffe verzichten an direkt den internationalen Atomaccord ënnerschreiwen, soss wier "hir Zäit gezielt“.
Dat huet den Donald Trump op sengem soziale Reseau geschriwwen. Hien huet dem Iran mat enger militärescher Attack, esou wéi a Venezuela gedrot. Et wier schonn eng riseg Militärflott um Wee.
Iran reagéiert a refuséiert d'US-Fuerderung
Den Iran huet scho reagéiert. De Chef vum Atomprogramm huet dem Donald Trump seng Fuerderungen zeréckgewisen. Op der iranescher Noriichtenagence sot hien, datt den Iran, grad wéi d‘USA, d‘Recht hätt, seng Nuklear-Technologie ze notzen.
Si géifen dofir refuséieren, hiren Atomprogramm ze limitéieren. Den Iran behaapt zënter Joren, datt säin Atomprogramm just zivillen Zwecker géif déngen. D‘USA, grad wéi d‘EU, geheien der Féierung zu Teheran awer vir, Atomwaffe wëllen ze bauen.
Eventuell EU-Sanktioune wéinst brutaler Repressioun
D‘EU-Ausseminister wëllen iwwerdeems muer um Donneschdeg bei hirem Treffen zu Bréissel nei Sanktioune géint den Iran verhänken. Dat, wéinst der brutaler Repressioun vun de Protester am Iran, bei deenen op mannst 4.000 Mënsche sollen ëm d‘Liewe komm sinn.