arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Haaptsaach an de Geschichtsbicher": Dem Donald Trump seng irrational Politik

Politesch Analys

|
headphones

5 min

headphones

12 min

play_arrow

"Haaptsaach an de Geschichtsbicher": Dem Donald Trump seng irrational Politik

Keen Dag vergeet, ouni datt den US-President Donald Trump Schlagzeile mécht. A wärend déi eng nach probéieren, dem Trump seng Politik ze verstoen, hunn déi aner scho laang domadder opginn. Am 100,7-Interview huet de Politiolog Robert Harmsen probéiert, d'Saachen anzeuerdnen.

headphones

5 min

headphones

12 min

play_arrow
Robert Harmsen | © Jo Diseviscourt
Robert Harmsen (Foto: Jo Diseviscourt)

De Robert Harmsen ass gebiertege Kanadier a Politolog op der Uni Lëtzebuerg. Gespaant huet hien – wéi och vill anerer – déi lescht Entwécklungen am Konflikt tëschent den USA, Grönland an Europa suivéiert.

"Kader-Accord" mat Grönland wërft Froen op

Ganz rezent huet den NATO-Chef Mark Rutte annoncéiert, e Kader-Accord mam Donald Trump iwwer Grönland fonnt ze hunn. Wat genee domat gemengt ass, ass awer nach onkloer.

Och de Robert Harmsen freet sech, wat am Zentrum vun deem Accord stoe soll. Eventuell sinn et Garantien, datt keng chineesesch Implantatiounen op Grönland zougelooss wäerte ginn.

An der New York Times gëtt iwwerdeems driwwer spekuléiert, ob eng Zort souverän Militärbasis opgeriicht kéint ginn, esou wéi Groussbritannie se op Zypern huet. Dat hält de Politolog allerdéngs als onwarscheinlech. Hie ka sech net virstellen, dat Dänemark dat akzeptéiere géing.

Keng militäresch Interventioun: E Succès fir Europa?

Den Donald Trump huet och annoncéiert, keng zousätzlech Tariffer op EU-Produiten anzeféieren. Dës Decisioun kéint een eendeiteg als e Schratt zeréck gesinn, mengt de Robert Harmsen. Den europäesche Widderstand wier ëmmer méi staark ginn.

Wat eng militäresch Interventioun ugeet ass den Donald Trump iwwerdeems och op vill Géigewand an den USA gestouss. De Politolog mengt awer och, datt dat vu vireran “peu probable” war.

De Robert Harmsen ass allerdéngs och iwwerzeegt, datt déi negativ Entwécklungen op der Bourse och en Afloss op dem Donald Trump seng Entscheedung haten.

"Et geet just ëm den Anzuch an d'Geschichtsbicher"

Probéieren ze verstoen, wat den US-President wëlles huet, oder wat säin nächste Schratt ass, wier onméiglech, betount de Politolog.

“Sa politique est difficilement explicable. A la base, j’ai l’impression qu’il cherche un agrandissement territorial pour rentrer dans les livres d’histoire. Mais il n’y a pas de stratégie rationelle derrière tout ça.”

Den EU-Staats- a Regierungscheffe kann de Robert Harmsen elo nëmmen uroden, staark ze bleiwen an net nozeginn. Déi rezent Reaktioune wieren dofir och gutt gewiescht: Et hätt een dem US-President kloer gemaach, datt rout Linnen iwwerschratt goufen.

Europa muss méi onofhängeg ginn

Wat d’Relatioun tëschent den USA an Europa ugeet, huet een a senger Ried zu Davos op en Neits gemierkt, datt den Donald Trump een ëmmer méi hostillen Toun uschléit. Effektiv wier déi ganz Trump-Administratioun Europa géigeniwwer net immens positiv agestallt, erkläert de Robert Harmsen.

De kanadesche Premier Mark Carney huet an enger Ried vun enger “rupture” geschwat, a vum Enn vum “ordre international fondé sur des règels communes”.

Mee eng westlech Welt ouni d’USA? Ass dat virstellbar? Fir de Robert Harmsen ass jiddefalls kloer, datt Europa probéiere muss, méi onofhängeg ze ginn.

“L’Europe doit assumer la responsabilité de sa propre défense. Il y avait de bonnes signes dans cette direction, mais cela doit passer beaucoup plus accéléré.”

"Like minded countries" musse sech zesummendinn

De Mark Carney hätt och kloer gemaach, datt een de Multilateralismus nei iwwerdenke misst. Op Harmonie tëschent de Länner kéint een och net méi zielen, esou de Politolog vun der Uni.lu. Et misst ee sech no “like minded countries” ëmkucken, anere liberalen Demokratien aus dem Westen: UK, Japan oder Kanada.

Gläichzäiteg wier et allerdéngs elo och un der Zäit, d’Relatioune mam “globale Süden” ze stäerken. Datt awer dann de Mercosur-Accord op esou vill Géigewand stéisst, wier kee gudden Ufank, seet de Robert Harmsen.

Erënnerungen un de Kale Krich

Als Kanadier mécht hie sech iwwerdeems awer keng Suergen, datt den Trump d’Souveränitéit vu sengem Land ignoréiert, esou wéi hien et am Fall Grönland mécht. Och wann eng rezent Fotomontage scho provozéiert huet, op där nieft den USA och Kanada, Grönland a Venezuela als Amerika markéiert waren.

Fakt wier awer, datt ee sech op eng Re-Militäraviatioun vum arktesche Mier preparéiere misst. Bëssen esou wéi zu Zäite vum Kale Krich.

“L’artique, c’est le terrain principal des rivalités à venir.”

Enttäuschend Republikaner

Nieft der Causa Grönland huet den Donald Trump a senger Ried zu Davos nees déi gewinnte Parolle vu sech ginn: Kritik u sengem Virgänger, deen hie konsequent “sleepy Joe” nennt, vun heroeschen Exploite geschwat, Elogen op de Pëtrol gehal a mat Wandmillen de Geck gemaach.

Fir de Robert Harmsen ass et verwonnerlech, datt d’Kritik um Trump innerhalb vun den USA sech nach ëmmer a Grenzen hält. Seng Zoustëmmunswäerter sinn zwar am Keller – bei verschiddenen Ëmfroe sti just nach ee Véirel vum Elektorat hanner him – mee grad d’Reaktioun vun de Republikaner wier enttäuschend, esou de Robert Harmsen.

“The Grand old party” wier nach ëmmer op der Sich no enger gemeinsamer Linn. Zwar géinge vereenzelt Membere staark Kritik um Trump ausüben, mee déi géing quasi ënner goen.

“Je suis étonné par le manque d’opposition en général aux États-Unis, et par le manque des voix dissidentes chez les Républicains.”

Rezent Meenungen, datt dem Donald Trump seng mental Verfaassung degradéiert wier, kéint hien iwwerdeems net deelen, esou de Robert Harmsen. Seng Riede wieren ëmmer improviséiert a wéineg kohärent. Mee: “La barre n’est pas très haute aussi.”

 

play_arrow Lauschteren