EU stellt sech hanner d'Riichterinnen, déi vun den USA sanktionéiert gi sinn
D’Europäesch Unioun huet d’US-Sanktioune géint véier Riichterinne vum internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag schaarf verurteelt. D’Kommissioun bedauert dës Mesuren a géif sech "ausdrécklech hanner d’Institutioun stellen", esou d’EU-Kommissioun haut um Freideg.
(Foto: picture alliance / Zoonar | Nikolai Sorokin)
D’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet op der Plattform X betount, datt de Strofgeriichtshaff fräi a ganz ouni Drock misst kënne schaffen.
Hannergrond ass, datt d’USA gëschter um Donneschdeg 4 Riichterinne sanktionéiert huet, well si u Prozedure bedeelegt wieren, déi géint US-Zaldoten am Afghanistan oder géint d’israeelesch Regierung geriicht sinn. Washington bezeechent dës Enquêten als "politesch" an "onberechtegt".